
Nieft der virtueller Porte Ouverte op hirer Internetsäit bitt d’Ecole Privée St.Anne dëse Samschdeg, 6. Mäerz och eng Porte ouverte op Rendezvous un.
Hei kënnt Dir dann déi modern Gebaier an de familiäre Kader op der Plaz entdecken. Zanter 1852 gëtt et se schonn. Si schaffe mat héich modernem Equipement a waren déi éischt iPad-Schoul am Land. Dës gi vun der Schoul zur Verfügung gestallt.
Ënnert dem Motto „Mir sinn eng grouss Famill“ ënnerstëtzen 100 Proffen 1.000 Schülerinne mat engem ganz perséinlechen Encadrement, gratis Hausaufgabenhëllef a Cours d’Appui an allen Haaptfächer.
Nieft de Schoulfächer gëtt och Wäert op ee soziaalt a nohaltegt Engagement geluecht fir datt aus de jonke Meedercher staark Frae ginn.
All d’Detailer heizou an zur Porte Ouverte fannt Dir op sainte-anne.lu