
Moes Frères vu Réimech feieren dëst Joer hir 140 Joer, an d’Kaddoe si fir hir Clientèle. An dat am Kader vu ganz attraktive Promotiounen! Aus de Promo Days vu Moes Frères gouf duerfir eng ganz Promo-Week vum 7. bis de 14. November. Moes Frères ass jo Är Adress fir all Zort vu Stol, Quincaillerie, Handwierksgeschier, Gaarden- an Haushaltsartikelen, Kaddoen an alles ronderëm de Vëlo.
Hei nëmmen e puer vun hire renomméierte Marken: Metabo, Moulinex, Tefal, Bosch, Makita, Stanley, Kitchenaid oder Weber. Vun all deenen, a ville méi, fannt Dir dann och elo eng riseg Auswiel am aktuelle Moes Mag‘, mat engem grousse Gebuertsdagsconcours mat ville lokale Partner. An op de Kleeder-, Schong-, Bijoue- a Poschecollectioune ginn et och 25% Remise. Moes Frères ass och op Letzshop, wou Dir mat enger Bestellung ee vun 100 Letzshop-Bonge kënnt kréien.
Méi Informatiounen iwwer hire Liwwerservice, de Schlësseldéngscht, d’Reparatiounen an hir Faarfmëschanlag fannt Dir op www.moesfreres.lu.