
Wat maacht Dir mat Ärem alen Handy?
Bei Tango kann ee säin alen Handy elo recycléiere loossen an suguer nach suen rëmkréien, oder awer och suguer spende fir d’Fondatioun Hëllef fir d’Natur & Emwelt. Déi setzt sech fir de Schutz vun der Natur a Biodiversitéit zu Lëtzebuerg an.
Pro Persoun kann ee bis zu 5 Handyen ofginn an et kritt een dann e Bong vu 5€ pro Handy deen een awer och wéi gesot ka spenden.
D’Handye ginn da vun der Assossiatioun Eng Nei Schaff weiderverwert.
All d’Informatiounen heizou kritt Dir op tango.lu.