Vun e Freiden bis e Sonnden:Salon du Mariage an der Luxexpo The Box um Kierchbierg

IPL
Mat Ausstellungsstänn an Defiléen!

Exposanten aus Lëtzebuerg, der Belsch, Frankräich an Däitschland proposéieren Iech hei hir Spezialitéiten an Neiegkeete vum Brautrack, iwwer déi perfekt Location bis bei de Kuch. Op ganzer 100 Ausstellungsstänn ginn Iech iwwer 32 Beruffer virgestallt déi op Hochzäite spezialiséiert sinn. Schwätzt ënner anerem mat Animateuren, Bijoutieren, Dekorateuren, Fleuristen, Fotografen, Stylisten a Restauranten, déi aus ärer Hochzäit en onvergiesslechen Dag maachen. Groussen Highlight vum Salon du Mariage sinn natierlech d’Defiléen déi duerfir ganz reegelméisseg vu moies bis nomëttes organiséiert ginn, dass och all Visiteur d’Chance huet sech déi nei Brautmoud unzekucken.

25/09/2019 Business

thebox.lu

Back to Top
CIM LOGO