Ënnerstëtzt d'Union commerciale et artisanale vu GréiwemaacherSchenkt d'Akafsbonge vun der UCAG fir d'Feierdeeg!

IPL - sponsored content
Bestellt se op info@bijouteriehoffmann.lu

18/12/2020 Business News

An der Muselmetropol Gréiwemaacher gi mat hirem dynamesche Geschäftsverband all Wënsch fir d’Feierdeeg an Erfëllung. D’Ofkierzung UCAG steet jo fir Union commerciale et artisanale vu Gréiwemaacher an niewt där ofwiesslungsräicher Panoplie u flotte Geschäfter, ass Maacher och fir säi villsäitegt Handwierk bekannt.

Am Confinement hat d’Union commerciale et artisanale vu Gréiwemaacher dann och déi flott Iddi fir Akafsbongen ze proposéieren – an déi kommen elo fir d’Feierdeeg speziell gutt un, am Sënn vun der Devise „Kaaft lokal“. Op ucag.lu an op hirer Facebooksäit gitt Dir gewuer, wéi Dir Bonge vu 5, 10 a 50 € kënnt bestellen. An dëse Sonndeg 20.12. sinn d’Geschäfter zu Maacher och op a Parkplaze si méi wéi genuch do. An d’Musel a speziell Maacher hu jo dat ganzt Joer ganz vill ze bidden – esou och bestëmmt erëm d’nächst Joer.

Leed also d’Akafsbonge vun der UCAG ënnert de Beemchen a fir déi am Beschten nach haut ze bestellen an heem geschéckt ze kréien, maacht einfach e Mail op info@bijouteriehoffmann.lu.

info@bijouteriehoffmann.lu
ucag.lu

Back to Top
CIM LOGO