
TravelCenter – esou heescht dat neit Reesbüro-Konzept vu Voyages Emile Weber. D’Zil ass et, nach besser kënnen op d’Wënsch vun de Clienten anzegoen, mat nach méi Flexibilitéit a méi laangen Ëffnungszäiten. Den neien TravelCenter passt sech also der Zäit un a Reesexperte mat vill Erfarung stinn dem Client individuell a perséinlech 7 Deeg an der Woch zur Säit, sief et am Respekt vum „Social Distancing“ iwwer Videoberodung, Live-Chat, E-Mail oder Telefon.
Am Virfeld kënne Rendez-vous ausgemaach ginn, fir dass kee muss waarden. Am Live-Chat kann een esou och ganz séier an einfach Froen zu spezifesche Reesthemen un d‘Spezialiste stellen. Deemno eng einfach a flexibel Berodung fir seng Rees an de Client ass duerch d’Reesagence ofgeséchert.
D’Geschäftszäite maachen et méiglech fir och owes no der Aarbecht nach un Informatiounen ze kommen oder sech de Weekend doheem mat der Famill zesummen un een Dësch ze setzen an d’Dramvakanz mat allen individuelle Wënsch op Mooss an zum beschte Präis mam Expert vum TravelCenter ze plangen.
Den TravelCenter vu Voyages Emile Weber ass op vu méindes bis samsdes vun 9h00 bis 21h00 a Sonndes vu 16h00 bis 21h00. De Rendez-vous fir e Video-Livechat kann een also 7 Deeg op 7 ufroen iwwer travelcenter@vew.lu an um 20 80 40 – 1.