Wanderen, Velostouren, Hotel a RestaurantZesumme mat den CFL Lëtzebuerg entdecken

IPL
Maacht Vakanz doheem

Fir d’Lëtzebuerger Natur a Kultur ze erliewen ass den Zuch den idealen Moyen fir duerch eis d’Land komfortabel mat der CFL ze reesen. Mat eisen 6 Eisebunnslinnen fuere si duerch déi schéinsten Géigenden hei am Land an et gesäit een Platzen wou een mam Auto net hikënnt. Zemools elo wann d’Deeg méi kuerz a méi kal ginn, ass den Zuch praktesch a sécher.

Dann net ze vergiessen d‘ CFL Applikatioun CFL mobile, esou ass et ganz einfach ze kucken wéi en Zuch an wou um wéi vill Auer ech huele muss fir mäin Familljenausfluch, oder mäin Weekend ze plangen.

Vun der Gare zu Giewelsmillen kann een zum Beispill iwwer verschidden Wanderweeër op Buerschent spadséieren fir vun der Buerg eng fantastesch Vue op d’Sauer ze hunn.

Mam Programm Hike & Bike, féieren 1.000 Kilometer vun Gare zu Gare iwwer 44 geséchert Weeër vun den Ardennen bis d‘Mëllerdall, iwwert d’Musel an d‘Minett. Dat sinn Parcoursen vun 4 km bis zu 30 km, déi een och ënnertenee verbanne kann.

Zum Beispill kënne mir iech eng länger Tour mam Vëlo oder ze Fouss vun Ëlwen op Miersch proposéieren, oder nach e Wee deen Klengbetten mat Miersch verbënnt.

Dat kënnt dir och ganz gären mat engem Package kombinéieren deen Hotelopenthalt, Restaurant an Aktivitéiten fir grouss a kleng proposéiert. Dofir steet d’Equipe vun der CFL Evasion iech zur Verfügung a beréit iech gären. Do kënnt dir och vun ärem Voucher vun 50€ profitéieren, fir eng Iwwernuechtung bis den 21/12/2020.

Loosst iech op cfl.lu inspiréieren, well do erwaarden iech flott Iddien fir eis d’Land ze entdecken. Esou kënnt dir mat der CFL Lëtzebuerg erliewen.
Méi Info op cfl.lu an

cflevasion.lu

cfl.lu

Back to Top
CIM LOGO