Fleegedéngscht a Seniorresidenzen
Am Alter gutt versuergt mat Päiperléck

Selbstänneg an awer net eleng wunnen
Dir wëllt entspaant am Alter liewen?
An der Seniorresidenz Petite Suisse zu Beefort ass dat méiglech.
Loosst Iech an engem vun den 48 Appartementer vun 62m2 mat Balcon,Kitchenette, Stuff, Schlofkummer a Buedzëmmer verwinnen.
D’Wunnenge ginn eidel zur Verfügung gestallt an Dir hutt d’Méiglechkeet Äre Liewensraum no Ärem Goût an Ärer Perséinlechkeet anzeriichten.
D’Senioreresidenz Petite Suisse bitt och e Begleetservice fir all Reesen un, hiert qualifizéiert Personal begleet Iech bei Ären alldeeglechen Aktivitéite wéi Dokterrendez-vous, Administrativ Weeër oder kleng Reparaturen.
Selbststänneg wunnen an awer net eleng sinn, méi Info op päiperléck.lu.
E gudde Rot Päiperléck
Am meeschte gelies