En Dënschdeg de Moie souze sech de President vum LCGB an den Direkter vun der Union des Entreprises géintiwwer. Thema war de Covidcheck an de Betriber.

De Face-à-Face tëscht Patrick Dury a Jean-Paul Olinger

Patronat a Gewerkschafte si sech Eens, datt d’Impfung deen eenzege Wee aus der Covid-Kris wier. Béid si sech awer net Eens iwwert de Wee, nämlech d’Erweiderung vum CovidCheck an de Betriber, déi Betriber selwer vum 1. November u kënnen decidéieren.

An engem Face-à-Face um Dënschdeg de Moien hei op RTL, huet de President vum LCGB, de Patrick Dury der Regierung en „intellektuell onéierlechen“ Discours virgeworf, well se d’Impfflicht zur Hannerdier géing aféieren an d’Responsabilitéit op d’Betriber a Salariéen géing ofwälzen. Den Direkter vun der Union des entreprises (UEL), de Jean-Paul Olinger, deen huet d’Demarche vun der Regierung par konter ënnerstëtzt. D’Zil wier et d’Impfung virunzedreiwen, well ee soss am Wanter méi Leit erëm géinge krank ginn a well d’Land géing riskéieren erëm op eng "rout Lëscht" ze kommen, mat all de Problemer, déi dat géing duerstellen, notamment op de Grenzen. A sengen Ae kéint een net vun Impfflicht schwätzen, well ee jo nach ëmmer kéint en negativen Test virweisen. Donieft huet hie betount ,datt net all d’Betriber de CovidCheck wäerten aféieren, an dowéinst géing hien déi ganz Opreegung net verstoen.

RTL

Wann den Impftaux net géing duergoen, dann hätt d’Regierung dem Patrick Dury no misse selwer eng generell Impfflicht decidéieren, oder am Juli schonn un d’Verantwortung vun de Leit appelléieren: „wou se Mol gesot hätt, datt net nëmmen d’Fräiheet zielt, mä et ass u sech d’Solidaritéit vis-à-vis vun der Famill a vis-à-vis vum Matmënsch zielt“. Hien huet puer Mol widderholl, d’Gewerkschafte kéinten einfach net acceptéieren, datt eenzel Leit wéinst dem CovidCheck an de Betriber hir Existenz géinge riskéieren, notamment well déi net-zertifiéiert Schnelltester net méi unerkannt ginn. Hätt een déi bäibehalen, dann hätt dat dem LCGB-President no d’Situatioun „decrispéiert“, also entspaant. Den Direkter vun der UEL huet par konter richteg fonnt, datt déi net méi unerkannt ginn. Tëscht den Zeilen huet hien ugedeit, datt déi Tester entweder net fiabel wieren, oder et géing domadder gefuddelt ginn.

RTL

De Jean-Paul Olinger huet zum Dialog an de Betriber opgeruff, fir ze kucken, ewéi de CovidCheck vum 1. November un do kéint ëmgesat ginn. Fir de Patrick Dury misst dat op „interprofessionnellem“ Plang geschéien. An anere Wieder: d’Patronat an d’Gewerkschafte misste sech fir all d’Betriber Eens ginn driwwer, wien d’finanziell Käschten iwwerhëlt, wéini a wou Tester kënne gemaach ginn oder wéi eng Alternativë kënnen ugebuede ginn. De Jean-Paul Olinger ass awer dobäi bliwwen, datt et a sengen Ae besser wier, dat an de Betriber eenzel festzeleeën. Hien huet verséchert, datt d’Betriber hir Leit bräichten an de CovidCheck, wann en a Betriber agefouert gëtt, keng „Téitsche“ géing hannerloossen. „Téitschen“, wéi de Patrick Dury awer gewarnt huet, well et a sengen Ae kéint zu „Reglements de comptes“ an de Betriber kommen. Déi lescht Deeg wier den LCGB och iwwerschott gi mat Froen iwwert de CovidCheck an de Betriber. De Jean-Paul Olinger hat virdrun an der Emissioun awer gesot, et bleiwe jo nach puer Deeg, fir ze diskutéieren a Léisungen ze fannen.