Gewerkschaften a Patronat net op enger Linn
Dat neit Covid-Gesetz gouf mat de Stëmme vun der Majoritéit ugeholl. Ëmstridden ass vrun allem déi gesetzlech Basis fir de CovidCheck op der Aarbechtsplaz.
Vum 1. November u kënnen déi Responsabel vu Betriber respektiv Verwaltungen, dee Regimm mat den 3G fir hir Beleegschaft aféieren. D'Gewerkschaften hunn am Virfeld vum Vott schonn ze bedenken ginn, dass si wéinst der Méiglechkeet vu Sanktiounen, net kënne fir dëst Gesetz sinn. De President vun der Staatsbeamtegewerkschaft Romain Wolff wëll sech weider wieren.
"Dat ass nach net giess. Ech wëll awer soen, dass mir keng Impfgéigner sinn. Mir si fir fräiwëlleg Impfungen. Mä mam Inhalt vun deem Text kënne mir net op alle Punkten d'accord sinn. Mir wäerten nach eppes nokommen loossen. Mir mussen eis nach beroden. Mee et kënnt eppes no."
D'Patronat, dat jo da vum 1. November un a Saache CovidCheck de Choix awer och d'Responsabilitéit huet, gesäit dat manner streng. Hei den Direkter vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen Jean-Paul Olinger.
"Et si vill Saachen net gekläert. Oppe Froe ginn et awer net onbedéngt. D'Covid-Gesetz verweist op d'Reglement fir d'Sécherheet op der Aarbechtsplaz an dat verweist nees op d'Aarbechtsrecht. Dora fënnt ee vill Äntwerten. D'UEL an hir Membere wäerten och nach Dokumenter zur Verfügung stellen. Doru kënnen d'Betriber sech orientéieren. Et wäert awer och net all Entreprise de CovidCheck ëmsetzen. Et ass eng zousätzlech Mesure. All Betrib ass aneschters."
Eng Persoun, déi weder geimpft, nach geheelt ass an den Covid-Test refuséiert, kann dem Aarbechtsrecht no sanktionéiert ginn, betount de Jean-Paul Olinger. Hie fënnt den Debat soll sech awer net op déi Eenzelfäll konzentréieren, mä op d'Majoritéit vun de Leit, déi mam CovidCheck nees méi Fräiheet zeréck hätt.
D'Nora Back, Presidentin vum OGBL, huet kee Versteesdemech dofir, dass d'Regierung hire Fuerderunge keng Rechnung dréit.
"Ech fannen, si misste jo awer verstoen, dass dat hei fir eis net ka gedroen ginn. Nieft dem Fait, dass iwwerhaapt net mat eis geschwat gouf, muss d‘Regierung jo awer verstoen, dass d‘Gewerkschaften net kënnen domat averstanen sinn, dass Leit sanktionéiert ginn an fir hir Tester selwer musse bezuelen."