Paulette Lenert (LSAP) vs. Xavier Bettel (DP)
Hir rout Linne fir eng Koalitioun, d'Steieren an eng Aarbechtszäitverkierzung waren Themen am Sträitgespréich tëscht de Spëtzekandidate vun LSAP an DP.
Hir rout Linne fir eng Koalitioun, d'Steieren an eng Aarbechtszäitverkierzung waren Themen am Sträitgespréich tëscht de Spëtzekandidate vun LSAP an DP.
Allebéid wollte sech net festleeën, ob déi blo-rout-gréng Koalitioun weider fiert, wann et da géif duergoen. Et géing ëm Inhalter goen, dorëms wat ee mat engem Koalitiounspartner kéint ëmsetzen.
Et géif och rout Linnen ginn. Fir de Xavier Bettel sinn dat: Méi Kafkraaft bis wäit an d'Mëttelschicht eran, eng historesch Wunnengsbauoffensiv, eng modern Familljepolitik an d'Kompetitivitéit vum Land.
Domadder wier d'LSAP grondsätzlech d'Accord, seet Paulette Lenert. Ma eng Aarbechtszäitverkierzung misst diskutéiert ginn, am Sënn vun der Kompetitivitéit, am Sozialdialog, mat allen Acteuren.
Eng 38-Stonne-Woch vun uewen erof imposéiert dierft et awer net ginn, esou den DP-Spëtzekandidat, dee léiwer eng Flexibiliséierung hätt.
Sträitthema Steieren
D’Steiere waren e weidere Sujet. Do hu sech déi zwee Invitéeë gestridden, wat déi verschidde Modeller géife kaschten a wéi se ze finanzéiere wieren. D’DP ass géint Steierhaussen a wëll eng Individualiséierung. D’LSAP wëll déi kleng a mëttel Akommes entlaaschten an déi Suen éischter uewe siche goen. Och nei Spëtzesteierklassen aféieren. Vun 11.000/12.000 Euro brutto u géifen d’Steieren an d’Luucht goen. D’DP seet, dat wär net ze finanzéieren. D’LSAP kontert, datt d’DP vill ze vague wär a keng konkret Proposen hätt. Et wéilt een de Leit näischt verspriechen, wat e villäicht net hale kéint, war d’Äntwert vum DP-Spëtzekandidat.
"Eng Verméigenssteier ass eng verstoppten Ierfschaftssteier"
Bei der Verméigenssteier sinn DP an LSAP sech op allefall net eens. D'LSAP wëll analyséieren, wéi esou eng sënnvoll kann agefouert ginn. D'DP ass kloer dogéint. Eng Verméigenssteier ass eng verstoppten Ierfschaftssteier, sot den aktuelle Premier. "Et misst ee sech bal schummen e Verméigen opzebauen", sou de Xavier Bettel.
D’LSAP wär och kloer net fir eng Ierfschaftssteier, huet d’Paulette Lenert däitlech gemaach. Dat wär keng Fuerderung vun der LSAP a géif net am Walprogramm stoen.
Nationalwalen - D'Kandidaten an der Iwwersiicht