Op de Punkt gewierzt5 Spices: Déi asiatesch Gewierzkonscht

Michèle Schons
A villen asiatesche Kiche gehéiert eng Gewierzmëschung ganz einfach dozou: de sougenannte “5 Spices”. D’Mëschung kënnt ursprénglech aus China a gëtt zënter Joerhonnerten an der Kichen benotzt. Haut fënnt een se awer och ëmmer méi hei an Europa – besonnesch an der asiatescher Kichen, mee och a moderne Rezepter.
© pixabay

5 Spices: Déi asiatesch Gewierzkonscht

De Numm verréit et schonn: d’Mëschung besteet aus fënnef verschiddene Gewierzer. Zesumme ginn dës Gewierzer eng ganz speziell Kombinatioun aus séissen, waarmen a liicht schaarfen Aromen. De Spëtzekach Pit Wanderscheid:

Also de Five Spice ass eng reng chineesesch Gewierzmëschung an d' Basis vun de fënnef Elementer. Dat heescht, dat geet zréck op déi chineesesch Medezinn. Dodrop baséiert sech déi Mëschung hei. An do dran ass Sternanis, dann d' Neelcheskäpp, dann den chineesesche Kanéil, an deem Fall de Cassia-Kanéil, deen ass net grad esou héichwäerteg wéi den Ceylon-Kanéil, dann d' Sechuan-Peffer a Fenchelsom.

D’Iddi hannert de “5 Spices” kënnt aus der chinesescher Philosophie. Do geet een dovun aus, datt déi fënnef Grondgeschmaacher – séiss, sauer, batter, schaarf a salzeg – am Gläichgewiicht solle sinn. D’Gewierzmëschung soll genee dat an engem Plat zesummebréngen.

Also fir d'Verdauung an de Stoffwiessel, hu mer bal all déi Komponenten, virun allem de Fenchel an den Zëmt, gëllen als wiermend a gi genotzt, fir d'Keelt am Mo ze verdreiwen. Sou seet een an der chineesescher Medezinn. A Blähungen zum Beispill och ze lënneren. Dann ass den Energiefloss un, dofir ass de Seeschmerpeffer an de Kanéil dofir bekannt. D'Schmerzlinderung, do sinn d' Neelcheskäpp dobäi. Dat kennt ee jo, dass dat gutt deet, wann een en Zant wéi huet, dass een eng Kéier op en Neelcheskapp bäisst an dass dat e lokaalt Antiseptikum ass.

De Goût ass ganz intensiv. De Stäranis bréngt eng liicht Lakritz-Not, de Kanéil eng waarm Séiss, an de sechuanesche Peffer suergt fir eng speziell Schäerft, déi bal e bëssen op der Zong kribbelt. Besonnesch bekannt ass de 5 Spices-Pudder fir Fleeschplat'en.

Do gëtt et als dréchene Rub benotzt. Dat kennt een aus der Barbecue-Kichen, also en Dry Rub. Dat ass einfach am Fong, wann een eng dréche Mëschung huet aus Gewürzer, déi gemuel ass, déi en dann iwwer eppes drop mécht, also quasi marinéiert à sec. An dann herno gëtt et ugebroden, gesmoked, mijotéiert, briséiert an engem Dëppe wéi Ragoût zum Beispill. Also Schmorgeriichter, dann awer och Stir-Fried, also e klassescht Wokgeriicht. Da kann een och doheem probéieren. Et keeft ee sech mol eng Kéier esou eng kleng Dous Five Spices an da wann een nächste Kéier am Wok eppes mécht, da gëtt een e klengen Téiläffel mat dobäi, wuel relativ am Ufank, fir dass et mat erhëtzt gëtt, well och do déi etheresch Ueleger solle Gas ginn.

An de leschte Joren experimentéieren och vill europäesch Käch mat där Gewierzmëschung. Si benotzen se net nëmme fir asiatesch Rezepter, mee och an Zoosen, bei Grillmarinaden oder esouguer an Desserten.

Pit Cooks The World

Back to Top
CIM LOGO