Am Service Logement vun der Stad Lëtzebuerg kommen all Dag Mënsche laanscht, déi net méi wësse wouhin. Op der Sich no engem Daach iwwert dem Kapp oder aus Angscht hiert Doheem ze verléieren, treffe si op Mataarbechter, déi tëscht Drénglechkeet, Gesetz a limitéierte Ressourcë versichen, Léisungen ze fannen. Genee dësen Alldag steet am Mëttelpunkt vun der dokumentarescher Serie “Service Logement”, realiséiert vun der Lëtzebuergerin Anne Schiltz. Véier Woche laang huet si d’Ekipp begleet. Ënner anerem Kontrollvisitten an Appartementer, Reparaturen, sozial Enquêten, mee och déi schwéierst Momenter, wéi d’Begleedung bei Expulsiounen, goufe vun der Kamera festgehalen. Gläichzäiteg mécht “Service Logement” och Plaz fir dat, wat d’Ekipp vum Service zesummenhält: Solidaritéit, Resilienz an heiansdo och Humor tëscht de Kolleeginnen a Kolleegen.
Et gi keng klassesch Interviewen a keng zousätzlech Informatiounen. D’Biller schwätze fir sech an d’Realisatrice wollt domat genuch Raum fir Interpretatioun an Emotioun loossen. Ugestouss gouf de Projet duerch en Opruff vum Lëtzebuerger Filmfong a Kooperatioun mat RTL. D’Anne Schiltz, déi haut an der Belsch lieft, ass fir hir institutionell Dokumentarfilmer bekannt, an deene si Servicer portraitéiert, déi sech ëm Mënschen a schwierege Liewenssituatioune këmmeren. Déi véier Wochen Dréiaarbechte beim Service Logement hunn d’Realisatrice awer besonnesch gepräägt.
Si beschreift den Tournage als emotional intensiv. D’Zuelen an d’Statistike wieren dat eent, seet si, mee den direkte Kontakt mat de Betraffenen, Leit, déi net wëssen, wéi et weidergeet, géif eng ganz aner Realitéit weisen. Eng Problematik, déi mëttlerweil net méi just sozial schwaach Gruppe betrëfft, mee ëmmer méi och d’Mëttelklass erreecht.
“Service Logement” bitt domat e rare Bléck hannert d’Kulisse vun engem Service, deen ënner héijem Drock steet, an op eng sozial Realitéit, déi dacks onsiichtbar bleift.
D’Serie leeft vum 5. Januar un, all Méindegowend um 19.05 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.