RTL-AfterworkDen entspaanten Interview, dës Woch mam Guy Schons

Patrick Greis
© Patrick Greis

De bekannte Museker Guy Schons deen 50 Joer mam Ensembel ‘Dullemajik’ ënnerwee war, verzielt am ‘Café des artistes’ dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel, firwat hien predestinéiert war fir Sänger ze ginn a wou hien u seng éischt Gittar koum. Als Kand huet hien mam Anne Brasseur zesummen en Optrëtt op der Televisioun gehat. Hien verréit wéi hien mat ‘The Blackbirds’ englesch gesongen huet, ouni d’Sprooch ze maîtriséieren. Hien beschreift wéi hien den Jimi Hendrix kennegeléiert huet, zu Rio bal bestuet ginn ass, an op der Sëlwerhochzäit vum Grand-Duc Jean eng Prinzessin kennegeléiert huet.

Piano: Marc Schmidt

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.

RTL-Afterwork: mam Guy Schons

Back to Top
CIM LOGO