Frech duerch de Summer - Episod 7"Knubberdulles" an "Tullepant": Frechheete vu fréier

Jean-Marc Turmes
„Vun Dräibiz bis Vullemätti“, esou heescht deen neiste Band an der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. De ganze Summer iwwer wäerte mer hei all Woch eppes Interessantes ronderëm d’Frechheete gewuer ginn. D'Josiane Boever vum ZLS ass beim Jean-Marc Turmes
© RTL Grafik

„Vun Dräibiz bis Vullemätti“, esou heescht deen neiste Band an der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch.

Josiane Boever: Du Knaschtmokel, wat hues du dech begladdert!

Jean-Marc Turmes: An du Klabottesch hues ëmmer de Bak opstoen!

Josiane Boever: Ech mengen, Jean-Marc, mer mussen eisen Nolauschterer soen, datt mer haut iwwer Frechheete vu fréier schwätzen, soss mengen déi nach, mir wieren Haalwerweisen oder Brachkäpp.

Jean-Marc Turmes: Dat wëlle mer op kee Fall! Da bréng eis mol nach e puer där Ausdréck vu fréier!

Josiane Boever: „Spéngelschësser“ oder „Méckepéiler“ gefale mir immens gutt. Sou huet ee fréier eng Persoun vernannt, déi iwwerdriwwe pedantesch war. Haut sinn dës Ausdréck manner geleefeg, mer géingen éischter vun engem „Ierbessenzieler “ oder engem „Pedant“ schwätzen.

Jean-Marc Turmes: Déi al Ausdréck sinn op alle Fall méi witzeg ewéi de „Pedant“.

Josiane Boever: Ech fannen, et huet een direkt e Bild am Kapp. Ech hunn hei nach e flott Beispill: Kanns du der vläicht eppes ënnert engem „Gaarzdäiwel“ virstellen?

Jean-Marc Turmes: Dat kléngt no enger ganz besonnesch béiser Persoun.

Josiane Boever: E „Gaarzdäiwel“ oder och nach e „Laisknéckert“ mécht eppes guer net gär, an dat ass deelen. Haut seet een éischter „Knéckjang“, „Knéckert“ oder „Kuuschtert“ dofir. An hei ass nach e ganz anert flott Wuert, de „Leitsgeheier“.

Jean-Marc Turmes: Dat erënnert mech un dat däitscht Wuert „Ungeheuer“.

Josiane Boever: Do läis de net wäit derniewent! E „Leitsgeheier“ geet der schrecklech op d’Strëmp. Haut schwätzt een éischter vun engem „Plogeescht“ oder engem „Emmerdeur“. Natierlech kann domadder och eng Emmerdeuse gemengt sinn.

Jean-Marc Turmes: Dat heescht, verschidde Frechheete funktionéiere fir Fraen a fir Männer?

Josiane Boever: Jo, awer net nëmmen. Z. B. kënnen „Zarabina“, „Zarabinn“ oder ganz kuerz d’„Zara“ just e Meedche bezeechnen, dat sech net gutt schéckt. Et kann awer och eng Fra domadder gemengt sinn. An dann hätte mer nach d’„Tullepant“, dat ass eng Zort Quisel. Op Däitsch géing ee soen „eine alte Schachtel“.

Jean-Marc Turmes: Hues de nach e lescht Beispill? Vläicht e besonnesch witzegt Wuert?

Josiane Boever: Jo, eng vu menge Liblingsfrechheete vu fréier ass de „Knubberdulles“ oder de „Knupperdulles“. Deen ass ganz zolidd gebaut an en huet seng Muskelkraaft leider net ëmmer an der Gidd.

Back to Top
CIM LOGO