Frech duerch de Summer - Episod 2Eng Frechheet fir all Situatioun

Marie Gales
Dat neiste Buch vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch heescht "Vun Dräibiz bis Vullemätti". Grond genuch fir eis de Summer iwwer mat Lëtzebuerger Frechheeten ze beschäftegen. De Jean-Marc Turmes huet d'Sarah Muller vum ZLS bei sech. Thema haut: Eng Frechheet fir all Situatioun.
© RTL Grafik

Dat neiste Buch vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch heescht "Vun Dräibiz bis Vullemätti".

Gutt equipéiert: Eng Frechheet fir all Situatioun

Sarah Muller: Frechheete ginn haaptsächlech benotzt, wa mer eis opreegen. An am Fong ginn et jo onendlech vill Situatiounen, an deenen eis dat ka geschéien. Aus sproochlecher Siicht ass et spannend, datt et Frechheeten gëtt, déi méi Bedeitunge kënnen hunn, an aner Frechheeten awer ganz kontext-spezifesch sinn.

Jean-Marc Turmes: Dat heescht, datt net all Frechheet bei all Situatioun passt?

Sarah Muller: Genau. Stell der vir, du bass an enger Situatioun, wou et der net séier genuch weidergeet. Dann denks de der vläicht vun der Persoun, déi de Buttek ophält: „Wat en Driibsert!“ Oder: „Wat en Träntelbatti oder Träntelkätti!“

Jean-Marc Turmes: Oder och nach: „Du Schleek!“

Sarah Muller: Jo, firwat net! Du géifs dës Ausdréck net benotzen, wann eng Persoun z. B. onfrëndlech mat der ass.

Jean-Marc Turmes: Jo, do géif den Driibsert oder Schleek net méi passen.

Sarah Muller: Genau, do denks de der vläicht éischter „Granzkapp“, „Knouterbatti“ oder „Knouterkätti“. Wéi gesäit et dann aus mat Kontexter, an deenen aner Leit sech net wierklech seriö behuelen oder d’Situatioun net eescht huelen?

Jean-Marc Turmes: Mir fält do spontan de „Luftikus“ an.

Sarah Muller: Dat hunn ech selwer och am Gebrauch. An esou Situatioune benotzt een alt och mol nach „Fléipéiter“ oder „Litti“. U wéi eng Situatioun denks du dann, wann ech „Tutebatti“ soen?

Jean-Marc Turmes: Do denken ech un eng Situatioun, an där eng Persoun déck téint.

Sarah Muller: Jo, wann ee konfrontéiert ass mat enger Persoun, déi vill schwätzt an/oder déck téint, dann denkt een och gär mol nach u „Braddeler/Braddelesch“, „Schnëssbatti/-kätti“ an nach den „Troterbatti“ als Variant vum „Tutebatti“.
Lo um Schluss nach eng lescht Mise en situation: Stell der vir, du bass an enger Situatioun, an där s de gutt genervt bass. Wéi eng Frechheet kënnt der fir esou ee Moment an de Kapp?
Do géifen zum Beispill „Nervesee“ oder „Plogeescht“ och gutt passen. Bon, ech hunn dir lo vill Inspiratioun ginn, mee ech hoffen, datt s du haut a keng Situatioun geréits, déi dech derzou verféiert, iergendeng vun dëse Frechheeten ze benotzen.

Back to Top
CIM LOGO