
An eiser Gewierzserie geet et haut ëm d'Tonkaboun. Si kënnt vum Tonkabam, deen ënner anerem a Brasilien, Venezuela a Guyana wiisst. Hiren typeschen Aroma gëtt dacks als eng Mëschung aus Vanill, Mandel, Karamell an e bësse Kanéil beschriwwen. De Spëtzekach Pit Wanderscheid erkläert:
Also d' Tonkaboun ass wierklech eppes ganz Spezielles. Et ass quasi de klenge Brudder vun der Vanill, et ass vill méi onbekannt nach, wéi d'Vanill. D'Tonkaboun ass am Fong de Som vun enger Fruucht, déi ass mangoaarteg, déi um Tonkabam wiisst. Déi fält dann eng Kéier erof, da gëtt d'Tonkaboun an Alkohol ageluecht. Fréier a Rum, haut an en neutralen Alkohol, aus Käschtegrënn selbstverständlech. Déi Tonkaboun, déi gëtt dann an der Sonn gedréchent, wéi mer et zum Beispill och bei der Vanill kennen. Deen Alkohol, dee virdrun am Spill war, léisst eng Fermentatioun aus an deen ass dofir zoustänneg, dass mer herno dee speziellen, jo, vanilleschen, karamelleschen Goût do an déi Boun do erakréien.
Mat hirem intensive Parfum huet d'Tonkaboun an de leschte Joren ëmmer méi Plaz an de Kiche fonnt. Meeschtens gëtt si reng gerappt, änlech wéi eng Muskotnoss. Schonn eng kleng Quantitéit geet duer, fir engem Dessert z.B. eng ganz speziell Nott ze ginn:
Ganz, ganz duuss ass se ze benotzen. Et ass effektiv eppes, wat erëm séier seefëg gëtt, dat hu mer jo ganz oft an esou Fäll. An si gëtt frësch geriwwen. Dat heescht, et hëlt ee sech eng Reif an et reift ee se ganz duuss an. Ech hu se elo scho am salzege giess a Verbindung zum Beispill mat enger Schwaarzwuerzel. Do passt se ganz gutt. Et misst e bësse méi en neutraalt Geméis sinn, wat een dann domadder e bësse pimpt. Awer et muss wierklech ganz subtil sinn. Mee de Kinnek ass et wierklech an alles, wat Pâtisserie ass. Also et kann een eng super Panna Cotta domadder maachen. Et kann ee Kuchen domadder wierzen. Et ass quasi esou unzewenden, wéi d' Vanill.
D'Tonkaboun ass a verschiddene Kulturen net nëmmen e Glécksbrénger, ma gëtt an der traditioneller Medezin heiansdo fir hir berouegend Wierkung geschat:
A gesondheetleche Virdeeler ass d'Tonkaboun elo e bësse méi dezent, wéi mer dat gewinnt sinn. Dofir ass se awer an engem anere Beräich ganz bekannt, an dat ass an der Parfümerie. Also si ass ganz bekannt dofir. Si gouf ëmmer scho benotzt virun der Kulinarik, ech mengen dat ass elo eréischt e puer Joer, dass mir se benotzen an der Pâtisserie oder am Séissen oder am Salzegen. An do virdru gouf se ëmmer wéinst hirem gudden Aroma an der Parfümsindustrie benotzt. Dat heescht, jo, hei si mer gesondheetlech net esou um Allerbeschten, mee dofir awer am gudden Doft.
Trotz hirer Popularitéit bleift d'Tonkaboun e Gewierz, dat mat Virsiicht benotzt soll ginn. Well den Aroma ganz staark ass, brauch et nëmme wéineg dovun. Genee dat mécht awer och hire Reiz aus: eng kleng Raaspel kann engem Plat schonn eng ganz nei Dimensioun ginn.