Eent vun de bekanntste Bauwierker op MallorcaKathedral "La Seu"

Dan Spogen
No der Eruewerung vu Mallorca am Joer 1229 huet de Kinnek Jaime den 1. decidéiert, op der Plaz vun der fréierer Moschee eng chrëschtlech Kathedral ze bauen.
© Dan Spogen

Déi haiteg gothesch Kathedral ass am Laf vum dräizéngte Joerhonnert ugefaange ginn an eréischt an de 1630er Jore war de Bau am Weesentlechen ofgeschloss, also e Projet, un deem iwwer 400 Joer geschafft gouf. De Lucien Faramelli, fréiere Guide vun der Luxair.

"Ass et eng Legend? Ass et wouer oder net, wéi den 12. September de Kinnek Jamie den 1. mat senge Schëffe ukomm ass, war en onheemlech Donnerwierder zu Santa Ponsa. An en huet gebieden, Maria, Maria. Wann ech dat doten iwwerliewen, dann bauen ech eng Kathedral. Hien huet se net baue gelooss. Mee hien hat de Plang schonn an d'Iddi a säi Bouf dann den Jaime, den zweete Kinnek, well dee war dann den éischte Kinnek vu Mallorca, deen huet se da baue gelooss, déi an déi aner Gebaier, fir ze weisen, hei mir sinn e Kinnekräich. Mir stellen eppes duer."

© Dan Spogen

Besonnesch spektakulär ass d' Festa del Lume, d'Fest vum Liicht, zweemol am Joer, den 2. Februar an den 11. November fält d'Sonn duerch dat risegt Rousefënster vun der Kathedral a projezéiert seng faarweg Form op déi géigeniwwerleeënd Mauer. Fir e kuerze Moment gesäit et esou aus, wéi wann zwou riseg Rousefënsteren eng 8 bilden. Dofir gëtt dëse Phenomeen och dacks d'8 vun der Seu genannt. D'Haaptrousefënster huet en Duerchmeesser vu bal zwielef Meter a méi wéi 1100 -faarweg Glasstécker.

"Et ass wierklech eng magesch Saach, tatsächlech ganz flott. Ech wollt och scho mol eng Kéier eragoen, dat kucken, wann dat geschitt. Net méiglech, onméiglech, firwat? Et ass esou voller Leit. Dat heescht, dat muss ee schonn um Youtube kucken, um Internet, well, gutt, dat ass déi maagesch 8 vun der Kathedral, vu Santa Maria, vu Palma de Mallorca. Déi maagesch 8, den 11. des 11. Ëm den 21. des 12., dat wëssen der nach net esou ganz vill. Awer dann erëm wat jiddweree weess, den 2. dës 2.. Komesch, ne, wat en Zoufall dat soll sinn. Maagesch 8, wou tatsächlech da vun der Ostsäit Levante, levantar ophiewen, wou dann d'Sonn kënnt, d'Liicht erakënnt an d' Kathedral an déi gëtt da projetéiert vun der Rosace, dem gotheschen A, well et anscheinend soll déi gréisste gothesch Rosace vun der Welt sinn, sinn do virsiichteg, gëtt a projetéiert ënner d'Rosace vun der Westsäit. An da gesäit een natierlech dann an der Kathedral. An dat mécht eng 8. An d'8 ass gläichzäiteg d' Zeeche vun der Onendlechkeet."

D'Kathedral vu Mallorca, La Seu.

Hei geet et op déi offiziell Homepage vun der Kathedral

Back to Top
CIM LOGO