
Zanter gëschter an nach bis Dräikinneksdag, also de 6. Januar, kann een an der Fiels eng Krëppercherswanderausstellung erliewen.
Lass geet de Wee beim Office du tourisme an der Fiels. Informatiounsbüro. Iwwer 4,5 Kilometer déi liicht ze trëppele sinn, kann ee matten an der Natur ronn 50 Krëppercher aus der ganzer Welt gesinn. Wéi dës Iddi entstanen ass, erkläert d’Christiane Degraux:
“Mir waren eng Kéier mat Kolleegen an Däitschland iwwer Chrëschtdag an enger Wander-Vakanz a mir sinn do wandere gaangen an du sinn mer op eng gestouss an dat huet eis sou gutt gefall, dass ech dunn mol direkt ugefaange hu mat sammelen.”
3 Woche laang gouf preparéiert, zesumme mam Cercle Pedestre aus der Fiels déi de Wee gezeechent hunn an der Maison Relais déi gutt gemoolt hunn. Vill Aarbecht stécht also dohannert an dat huet och säi Grond:
“Mir versichen, d’Natur sou ze beloossen, an d’Krëppchen der Natur unzepassen an net d’Natur der Krëppchen. Heiansdo muss ee mat Naturmaterial bësschen nohëllefen, wann d’Plaz fir di passend Krëppchen net grad ginn ass.”
An esou heescht et d’Aen opmaachen an der Natur fir keng Krëppchen ze verpassen. Eng flott Aktivitéit dobaussen deemno fir Jonk an Al:
“Et ass e flotten Tour, e ganz schéinen Tour, wou ee ka mat der Famill wandere goen, wou ee sech beweege kann a gläichzäiteg ënnerwee ganz vill Distraktioun huet fir déi Krëppecher kucken ze goen. Se sinn alleguer aneschters an d’Natur integréiert an dekoréiert a si gesinn alleguer aneschters aus.”
Nieft de Krëppercher fënnt een iwwregens och e QR Code. Wann een dee mam Handy scannt, kann ee e klengen Don fir d’Wonschkutsch Asbl maachen. Den Initiateure vum Projet loung et nämlech um Häerz mat dëser Ausstellung och eppes fir de gudden Zweck ze maachen.
Dann nach zum Schluss och nach eng kleng praktesch Info: Och wann de Wee esou gewielt gouf, dass e fir jidderee accessibel ass, sollt een allerdéngs deck a waasserdicht Schong undoe well et kann och mol Bulli ënnerwee sinn.