
Lavendel staamt aus dem Mëttelmierraum a kënnt haut a villen Aarten vir. Fir d'Kichen ass virun allem den Echte Lavendel gëeegent, deen duerch säi feinen, blimmelegen Aroma iwwerzeegt. De Spëtzekach Pit Wanderscheid:
Et ginn dräi, véier Haaptzorten. Wat mir awer brauchen, ass den "Echte Lavendel". Dat ass de richtege Lawendel. Esou gëtt deen och effektiv genannt. Da gëtt et nach de Schopflavendel, Speiklavendel an de Lavandin. An dat sinn oft déi, déi ee kennt op deene schéine Felder. Déi sinn awer fir d' Kulinarik net esou gutt ze benotzen, well d' Unzuel vun den äthereschen Ueleger einfach ze héich ass. E gëtt ze séier seefeg. An dofir kann een dat net benotzen. Dofir ass deen éischter doheem an der Parfumsindustrie a villen anere Saachen, zum Beispill déi Këssen, déi ee kritt fir ze aromatiséieren, a Seefen, Shampoingen, dee gëtt a ganz ville Saache benotzt.
Lavendel passt besonnesch gutt zu mediterrane Platen. E gëtt a Marinaden, Zoosen oder zesumme mat anere Kraider benotzt. Och bei Gegrilltem, Schof oder Poulet kann en de Goût ofronnen. Mä net nëmmen a salzege Platen huet d'Planz hir Stäerkten. An Desserte kënnt de geblummelegten Aroma besonnesch gutt eraus.
Virun allem, wou mir et gären hunn, ass dee ganz liichte subtille Goût. An et muss wierklech ganz, ganz liicht sinn, soss fillt der Iech erënnert un e Shampoing oder wann Der an d'Dusch gitt an Dir hutt dee ganz staarke Lavendelgeroch. Dat duerf op kee Fall geschéien. Dat heescht, dee gëtt subtil agesat. Komm mir huelen als Beispill eng Crème brûlée. Do gëtt en dann an d'Mëllech ageluecht, zéie gelooss, bësse wéi en Téi. An da muss ee mam Läffel d'Mëllech esou ofschmaachen, bis et engem duergeet. An da seet een, okay, lo fuere mer mat där Mëllech weider. An da kann een dorausser Glace maachen, et kann ee Crème brûléeë maachen, et kann ee Kuchen domadder automatiséieren.
Lavendel suergt fir eng raffinéiert Ofwiesslung. Och Gedrénks wéi Limonaden oder Cocktailer kréien domat eng speziell Nott. Nieft de gedréchente Bléie gëtt et nach vill aner Méiglechkeeten, de Lavendel an der Kichen anzesetzen:
Ech hunn nach e kleng Do -it -yourself Tipp matbruecht, e klenge Lavendelzocker, einfach de Lavendel e bësse broyéiere mam Zocker doheem, dann an en Dëppche fëllen, eng Woch stoe loossen a schonn huet een e flotte Lavendelzocker, deen een zum Beispill kann huele fir ze baken, awer och einfach an den Téi maachen am Wanter, firwat net? Lavendelhunneg ass ganz bekannt, kann ee selwer maachen, da keeft ee sech de Lavendel ëmmer gedréchent, soss riskéiert een awer, dass et fault, et léisst een dat e bësse stoen, vläicht, wann een et elo am Summer usetzt, wann d'Lavendelsaison ass, huet een am Wanter ee wonnerbaren Lavendelhunneg.
Och wann de Lavendel net zu de Gewierzer gehéiert, déi all Dag op den Dësch kommen, weist hien, wéi spannend Kraider an der Kichen kënne sinn. Mat der richteger Doséierung kann hie souwuel salzeg wéi séiss Platen op eng ganz nei Aart beräicheren an domat e klengt Stéck Summer op den Teller bréngen.