
De Spëtznumm "Maggikraut" kënnt net vun ongeféier. Wann een d'Blieder tëscht de Fangere reift, erënnert de Geroch vill Leit direkt un d'Maggi-Wierzung. Dobäi ass et eigentlech ëmgedréint: Net d'Planz schmaacht no Maggi, mee d'Wierzmëschung huet hiren Aroma deelweis un dëse Goût ugepasst. De Spëtzekach Pit Wanderscheid:
Dat war jo ëmmer de Running Gag, dass gesot ginn ass, probéier mol esou e Blat, dorausser gëtt déi ganz bekannt Wierzzooss gemaach, déi all Mënsch bal doheem am Schaf stoen huet, déi an Zopp gemaach gëtt. An effektiv huet dat eent mat deem aneren iwwerhaapt näischt ze dinn. Un deem Maggi ass net vill Gesondes drun, also un där Wierzzooss. Dat ass Salz, virun allem Glutamat an net vill Guddes. An dorausser entsteet eng extrem umamihalteg Zooss, déi kann iwwerall dra gemaach ginn. Domadder huet de Liebstöckel awer näischt ze dinn. Ausser dass déi zwee sech vläicht eng Kéier op d'Autobunn begéinen, deen een an déi eng Richtung an den aner an déi aner Richtung, fir an de Supermarché, soss hu se net vill matenee gemeinsam.
Liebstöckel ass eng méijäreg Planz a ka bis zu zwee Meter héich ginn. Wien en eemol am Gaart huet, dee kritt meeschtens vill Freed domat. D'Planz ass robust, kënnt all Joer erëm a liwwert vu Fréijoer bis an de Summer ëmmer nees frësch Blieder. An der Kichen ass se besonnesch beléift fir Zoppen, Bouillonen, Zosen oder Grompereplat'en.
An der häerzhafter Kichen ass natierlech doheem fir alles wat Fongen ass, an da kann ee Pestoen draus maachen. Et kann een e benotzen equivalent zu der Péiterséileg. Et kann een et a Schmoorgerichter man, dat heescht, wann e Goulasch opgesat gëtt, da kann een einfach e Bouquet mat dobäi ginn. Et kann een et kleng schneiden. Et kann een et mat Pasta zerwéieren. Et funktionéiert an alle Richtungen. Et kann ee bësse vergläiche mam Péiterséileg. Iwwerall, wou Péiterséileg géif funktionéieren, an ech mengen dat ass wierklech an eiser mëtteleuropäescher Kiche bei 90 %. Dat ass och eent vun deene meescht verkaafte Kraider an esou funktionéiert och de Liebstöckel.
Nieft der Kichen huet de Liebstöckel och eng laang Traditioun an der Heelkonscht. Schonn am Mëttelalter gouf d'Planz geschat. Hir Wuerzele goufen ënner anerem fir Téi oder Bieder benotzt, si entwässeren a si gutt fir de Mo. Interessant ass och, datt bal all Deeler vun der Planz benotzt kënne ginn: d'Blieder, de Som an och d'Wuerzelen.
De Liebstöckel, wéi mir e gären hunn, dee schmaacht effektiv änlech wéi eben déi Zooss, deen huet dat a sech an domadder ersetzt en och déi ganz Würfelen. Dat heescht, wa mer elo eng Zopp maachen, wa mer eppes aromatiséieren, e Fong kachen doheem, da roueg emol eng Kéier zréckgräifen op Liebstöckel. Et ass eent vun deene meescht ënnerschaten Kraider, wou d'Leit net vill kënnen domadder ufänken. Mee amplaz dass der d'nächst Kéier e Würfel dobäi mat fir är Zooss, fir de Goût, probéiert eng Kéier mat engem ganze Bond Maggikraut, dat huet eng extreem Power a suergt och fir deen Umami-haltege Goût.
A domat si mir um Enn vun eiser Gewierzserie ukomm. Vun de klassesche Gewierzer bis bei aromatesch Kraider hu mir an de leschte Wochen eng ganz Rei vu Goûten an hir Geschichten entdeckt. An de Liebstöckel weist nach eng Kéier, datt hannert enger Planz, déi an esou ville Gäert wiisst, vill méi stécht wéi nëmmen hiren Numm.