
Am “Café des artistes” beschreift hien dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel wéi hie seng éischt Radiossendung an der Villa Louvigny gemaach, an ouni Virwarnung an d’kaalt Waasser gehäit gouf. Dass hien iwwerhaapt Dokter ginn ass, war, well hien ze liddereg war fir Schoulmeeschter ze ginn a net zu de Béckskëschten gezielt huet. De passionéierte Medezinner verréit, dass fréier 7/7 Deeg geschafft gouf a net vill verdéngt war. Als Dokter vum Findel hat hien d’Recht ouni vill Formalitéiten ze passéieren an eemol war him souguer e Patient am Wartesall gestuerwen.
Piano: Marc Schmidt.

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio a komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.