
Et ass nees déi Saison am Joer wou d'Kachplack mol gären duerch de Grill dobaussen ersat gëtt.
An do heescht et: Wou Feier ass, sollt een oppassen. Beim Holzkuel-Grill sollt een am beschte virop mol op Brandbeschleuneger verzichten. Spiritus an aner brennbar Flëssegkeeten kënnen eng Stéchflam maachen déi geféierlech ka ginn. Och beim Gasgrill ginn et Geforen. Laurent Massard vum CGDIS:
"Beim Gasgrill gi Brenner iwwert eng Gasfläsch alimentéiert. Hei sollt een oppassen, dass déi ganz Komponenten nach intakt a richteg zesumme geschrauft sinn, fir ze verhënneren dass e Gasaustrëtt an doduerch eng Gefor entsteet. Mee insgesamt bei sämtleche Griller ass et wichteg dass een e Grill hëlt, deen eng CE Kennzeechnung huet, eng Conformité Européenne, déi ugëtt, dass de Produit d'Sécherheetsvirschrëften erfëllt an dass wann een de Grill selwer zesumme baut, een dat och no der Gebrauchsuweisung vum Hiersteller mécht."
Da soll de Grill och propper gehale ginn, well Iwwerreschter vun der Kéier virdrun, oder Fett, kënne geféierlech ginn.
"Dat sinn oft d'Ursaache, firwat et zum Grillbrand kënnt. An dann ass et natierlech och wichteg, dass ee falls et zu engem Brand kënnt, dat richtegt Läschmëttel hëlt, dat wier an deem Fall entweder e Fettbrand-Läscher oder eng Läschdecken. Hei dierf een op kee Fall Waasser huelen, well dat kéint da richteg geféierlech ginn. Bei de Kuele muss een oppassen, dass een se en Dag ofkille léisst, iert een se entsuergt, well waarm Kuele kënnen."
Wichteg ass och déi richteg Plaz, wou ee virum Wand geschützt ass. Wa vill Fonke fléie, kann dat och Feier ginn.
"Grondsätzlech soll een nëmmen am Fräie grillen an da soll een de Grill och op engem riichten a stabillen Ënnergrond opstellen an och net méi réckele, wann een e bis ugefaangen huet. Dann ass et natierlech och wichteg, fir en Ofstand zu anere brennbaren Objeten ze hale, wéi zum Beispill Hecke, Beem, Sträich oder Fassaden. An deem Fall soll den Ofstand 3 Meter sinn."
Sollt d'Feier am Grill awer mol eng Kéier ausser Kontroll geroden,da soll een net zécke fir direkt den 112 unzeruffen.
Wann de Grill bis un ass an alles no Plang leeft mam Feier, gëtt et Zäit d'Fleesch drop ze leeën. An do kann een op direkt e puer Saachen oppassen, David Albert. Zum Beispill soll rout Fleesch mat Zäiten aus dem Frigo eraus.
"Well dat en immensen Afloss huet op d'Struktur vum Fleesch a wann een et dann ubrot op sengem Grill, da bleift d'Fleesch och schéin zaart. Wa mer dat Fleesch bis um Grill hunn, e No Go beim Fleesch am Allgemengen (net nëmmen um Grill mä och doheem an der Pan), dat ass mat enger Forschett ze schaffen. Well mer dann an d'Fleesch picken an doduercher kommen de Jus an d'Fett eraus an eist Fleesch riskéiert dréchen ze ginn."
D'Temperatur um Grill sollt 170 bis 230 Grad hunn ier d'Fleesch drop kënnt. Dëst sollt och net ze dacks gedréint ginn:
"E normale Beefsteak vun 2-3 Zentimeter, dee kann een op zwou Säiten zwee Mol eng Kéier ubroden. Wa mer elo e bësse méi déck Stécker hunn, déi kënne mer an Aluminium apaken an déi einfach op der Säit vum Grill e bëssen zéie loossen , da geet do d'Kärtemperatur an d'Luucht. An och ganz wichteg: Wa mer rout Fleesch hunn, dass mer dat och e bëssen op d'Säit zéien fir et e bësse rouen ze loossen, fir dass dee ganze Jus, deen duerch déi brutal Temperatur komm ass, erëm zeréck op seng Plaz geet."))
Dacks gëtt och eng Flëssegkeet beim Grillen iwwer d'Fleesch geschott, wéi zum Beispill Béier. Am Fong keng gutt Iddi.
"Éischtens: Mir kréien immens Flamen an dat bréngt dat Battert mat, e verbrannte Geschmaach. An et besteet de Risiko dass Äschen an d'Luucht gewierbelt ginn a beim wäisse Fleesch gesäit een dat jo direkt, dann hu mer lauter gro-schwaarz Punkten drop. Wann ee wärend dem Grillen nach e bësse wëll no wierzen, da kann een dat roueg mat engem Pinsel maachen, esou dass näischt an d'Feier fält. Beim Fierkel gëtt oft Béier driwwer geschott, mä do ass ganz oft och d'Flam e bësse méi säitlech an da leeft de Jus einfach ënnen an eng Bidden."
Fësch wéi zum Beispill Saumon, sollt een am Beschte mat der Haut op de Grill leeën, da pecht e net un. Scampie sollt een aus deem selwechte Grond net schielen ier se gegrillt ginn a beim Geméis sollt een oppassen dass dat net ubrennt.
Wann een da bis fäerdeg ass mam Grillen, dann heescht et schruppen. An do ass et esou, dass et am einfachsten ass de Grill mol guer net knaschteg ze maachen. An dat geet scho mol zimmlech gutt wann ee virdrun de Grill mat e bëssi Ueleg areift fir dass net all ze vill Iessensreschter dono fest pechen. Mee opgepasst: de Grill net komplett an Ueleg antauche well soss drëpst dëst dono an d'Glous a fänkt Feier. Ma och mat dësem Tipp bleift natierlech net alles schéi propper an esou ganz ëm d'Botze kënnt ee leider net.
Vill Leit setzen awer och op d'Zeitungspabeier well mat dësem léist sech de Grill nämlech liicht botzen. Soubal en ofgekillt ass, sollt en an Zeitung agewéckelt ginn an dann heescht et Waasser driwwer. Dat Ganzt léist een dann nach iwwer Nuecht aweechen an den nächsten Dag bleift de Gros vum Dreck un der Zeitung hänken a kann entsuergt ginn. Dat wat dann nach iwwreg bleift kann een einfach mat enger Lomp ewech maachen. Alternativ kann een de Grill awer och an d'Gras leeën. Fiichtegkeet hëlleft beim Aweechen, sou dass Rechter ouni grousse Kraaftopwand ewech gebotzt kënne ginn.
Aweechen ass souwisou nawell zimmlech beléift. Op der Internetsäit "frag-mutti.de" fënnt een eng ganz Partie Rotschléi. Dorënner ënnert anerem deen, dass een de Grill iwwer Nuecht, zesumme mat engem Téiläffel Polver fir d'Spullmaschinn, an eng Plastikstut stécht. Falls dat Ugebranntent well immens dréchen an haart ass, da mécht een einfach nach e bëssi Waasser dobäi. Oder hei: Einfach Botzmëttel fir de Schäffche benotzen oder de Grill zesumme mat Waasser a Wäschpolver an d'Bidden tässelen.
Ma ganz gemittlech Grillmeeschter loosse léiwer anerer fir sech schaffen. Wann een no beim Bësch wunnt oder e grousse Gaart huet, da kann een de Grill och einfach an d'Géigend vun engem Koup Seechomesse leeën. Déi fläisseg Déiercher zerwéiere sech dann iwwer Nuecht un de festgepechten Iessensreschter an domat wier de Gros den Dag drop dann och fort. An esou hu si dann och eppes vum Barbecue.