Op de Punkt gewierztSumac – déi subtil Saier aus dem Orient

Michèle Schons
An eiser Gewierzserie huele mir Iech haut mat op eng aromatesch Rees an de Mëttleren Osten. Et geet ëm e Gewierz, dat hei nach ëmmer e bëssen e Geheimtipp ass - Sumac.
© pixabay

Sumac - déi subtil Saier aus dem Orient

Sumac kënnt vun de gedréchente Biere vum Sumac-Strauch. Déi kleng, donkelrout Friichten ginn zermuel a ginn dann zu engem Pudder, dee virun allem duerch säi frëschen, liicht sauere Goût opfält. E bëssen wéi Zitroun, just méi mëll, méi déif. Besonnesch an der libanesescher, tierkescher oder iranescher Kichen ass Sumac net ewechzedenken. De Spëtzekach Pit Wanderscheid:

Wa mer elo allgemeng iwwer Sumac schwätzen ass Sumac eng grouss Famill mat iwwer 100 Gattungen, dozou gehéiere Cashewkären, Mango, Pistachen an den afrikanesche roude Peffer zu deene Gattungen derzou. Et ass just de sougenannte Gerber-Sumac iwwer dee mer schwätzen, an deem Fall, dat rout klengt Gewierz, wat mer elo hei ernimmen.

Wat Sumac esou spannend mécht: et bréngt eng frësch Saier an d’Iessen, wat en ideal mécht, fir dréche Rubs, Marinaden oder einfach als Finishing-Gewierz.

Et ass fir eis als Mëtteleuropäer eng ganz nei Dimensioun. Et huet d’Eegenschafte vun engem Esseg, oder engem Zitroune- resp Limettejus, awer a Pudderform an dat op eng ganz natierlech Aart a Weis. Dat heescht wat mer hunn ass e saierlecht, erfrëschend Erliefnis, et huet net spezifesch e ganz staarke Goût, et ass eppes wat komplettéiert an där Mëttelmierkichen. An der Vorderasiatescher Kiche gëtt et dann och bei méi schwéierem iesse complementaire benotzt, als Gewierz fir uewen drop - dernière Minute.

Dobäi kënnt nach: Sumac gëtt och traditionell fir seng gesondheetlech Eegenschafte geschat:

Antioxidanten, Omega 3 Fettsaieren a Vitaminn C huet et, dat heescht, et ass och wierklech net vu schlechten Elteren. Et ass e gesond Gewierz, wat awer ni elo soll laang matkachen, et ass wierklech e Gewierz wat op Top gemaach gëtt an harmonéiert super gutt mat Olivenueleg, Knuewléck, Menthe, Péiterséileg an et fënnt een et erëm z.B. am Libanon am Fattusch, an der Tierkei a richtege Kebappen, alles wat e bësse Fett mat sech bréngt, wat vläicht och e bësse méi schwéier ass fir déi Kichen, mécht de Sumac alles e bësse méi liicht a bréngt déi Saier déi en an esou Platen dacks brauch. Op enger Zalot kann ech et just recommandéieren, do fannen ech et ganz gutt.

Wann Dir Sumac nach ni probéiert hutt: traut Iech! Et passt perfekt op gegrillt Geméis, Fësch oder och einfach op eng Scheif Avocado-Brout. An an eiser nächster Episod bleiwe mir zwar beim Thema Gewierzer, mee et gëtt vill méi fundamental: Mir schwätzen iwwer Salz. Firwat et net einfach nëmme Salz ass a wéi grouss d’Differenze kënne sinn. Bis dohinner: vill Freed beim Experimentéieren – a gudden Appetit!

Pit Cooks The World

Back to Top
CIM LOGO