
Dëst Joer ass déi 2. Editioun vum ''Histofest'' am Europa Experience um Kierchbierg an am Utopia um Lampertsbierg an déi start e Mëttwoch de 7. Oktober. Haaptiwwerschrëft: ''The making and unmaking of heroes''. Wat et domadder op sech huet, erkläert d'Historikerin vun der Uni Lëtzebuerg Dora Komnenovic.
Dora Komnenovic Wat huet et mat dem Sujet op sech?
3 Deeg laang dauert ''d'Histofest'' bis den 9. Oktober an ëmfaasst eng Ausstellung, participativ Aktivitéiten, Filmvirstellungen an eng Table ronde. D'Auswiel vu Fotoen a Filmer stellt historesch Figuren ewéi de Mustafa Kemal Atatürk, de Lech Wałęsa, de Lenin, de Leopold II. an de Poopst Johannes Paul II. ënnert anerem an de Mëttelpunkt. Firwat elo genee dës Personnagen?
Dora Komnenovic Firwat elo genee dës Personnagen?
Als Ofschloss gëtt et e Freidegmoien am Europa Experience um Kierchbierg ëm 11 Auer eng Table ronde ronderëm d'Fro: "Do We Need (New) Heroes in Europe Today?"
Dora Komnenovic Table Ronde
3-Deeg laang dauert de Festival, ma d'Ausstellung geet nach bis de 7. November. Weider Detailer an de ganze Programm vun de Filmer an der Ausstellung fannt Dir op HISTOFEST. History on Full Blast - C²DH events I University of Luxembourg