Op de Punkt gewierztVum Heelkraut an d'Kachdëppen - Thymian

Michèle Schons
Säin Numm kënnt aus dem Algriicheschen a bedeit esou eppes wéi Kraaft oder Courage. Schonn an der Antik gouf den Thymian geschat – net nëmme fir ze kachen, mee och als Heelplanz.
© pixabay

Vum Heelkraut an d'Kachdëppen - Thymian

Heiheem kennt een den Thymian virun allem als Bestanddeel vu ville Fleesch-, Geméis- a Schmorgeriichter. Säin Aroma ass waarm, liicht batter a gläichzäiteg intensiv. An och wann d'Blieder kleng sinn, geet e mat sengem charakteristesche Goût net ënner. Besonnesch an der mediterraner Kichen ass den Thymian net ewechzedenken. De Spëtzekach Pit Wanderscheid:

Wann een eng Kéier Südfrankräich war oder am Mëttelmierraum, da gesäit een och, dass déi e bësse wéi Onkraut do wuessen, einfach un de Stroossen deelweis an dat ass eppes, dat kritt ee quasi net méi an de Grëff, dat wiisst einfach an dat mécht natierlech dann och de ganze Charme aus vun deene Regiounen. Awer effektiv bilde sech doduercher da verschidden Zorten. Du hues der, déi zum Beispill e puer Joer hannereneen ëmmer erëmkommen, déi ginn da e bësse méi holzeg, déi entwéckele sech e bësse méi déck an doduerch si se awer net ëmmer perfekt fir och kulinaresch ze notzen, well dat gëtt dann effektiv einfach eng Wëllplanz.

Den Thymian ass dobäi erstaunlech robust. Am Géigesaz zu verschiddenen anere Kraider verléiert hien och bei méi laanger Kachzäit net vill vu sengem Aroma. Dowéinst passt hien ideal an Zoosen, Zoppen oder Schmorplat'en. Egal op frësch oder gedréchent:

Thymian huet vill etheresch Uelecher. Ech mengen dat ass jo dat, wat et och erausmécht. An effektiv sinn déi zwee ze gebrauchen. Natierlech ass ee Fan vun deem frësche Bouquet, deen ee kann iwwerall dobäi leeën. Awer gedréchent intensivéiere sech déi etheresch Uelecher. An dofir ass gedréchent nach eng Kéier vill méi intensiv an gëtt doduerch ganz vill gebraucht. Ech menge mir starte lo an de Summer. Alles wat Grillmarinaden ass, do gëtt ganz vill gedréchenten Thymian benotzt. An dat verdeelt sech da gutt iwwert deem ganze Fleesch. An dat mécht dann natierlech eng Gläichverdeelung och vun den Aromen. Jo, ech mengen dat schwätzt scho fir sech.

Nieft sengem kulinaresche Wäert gëtt den Thymian zënter Joerhonnerten och an der Naturmedezin agesat. Virun allem bei Houscht an Erkältung kennt een Thymian-Téi oder Siropen op Basis vun deenen äthereschen Ueleger, déi an de Blieder enthale sinn.

Effektiv, et ass ganz schläimléisend. Et ass awer och natierlech gutt fir d' Verdauung, krampléisend, antibakteriell beim Houscht, dat läit och un deen ethereschen Ueleger, déi natierlech ganz, ganz intensiv do dra sinn. Den Thymian ass, wéi gesot, e Kraut, en Alleskënner, awer ganz wichteg - en ass een Deel vun den Herbes de Provence, deene ganz Bekannten. Ech mengen dat ass nach e wichtegen Detail. Dann ass et awer ëmmer e Kraut, wat an der professioneller Kichen am Background ass. Et ass ni op der viischter Bün. Et ass net de Frontsänger vun der Band. Et ass éischter hannen een, deen d'Musek mécht an deen awer dozou bäisteiert, dass e Plat completéiert gëtt.

Frësch oder gedréchent – den Thymian ass ee vun deene Gewierzer, déi bal an all Kiche Plaz fannen. Mat wéineg Blieder kann ee schonn engem Plat eng ganz nei Dimensioun ginn. Nächst Woch geet eis Gewierzrees weider – mat der Tonkaboun, déi vill Leit vum Geroch hier kennen, ouni iwwerhaapt ze wëssen, wat hannendrun stécht.

Pit Cooks The World

Back to Top
CIM LOGO