Frech duerch de Summer - Episod 4Vun „dommen Nëss“ a „granzege Porretten“

Jean-Marc Turmes
„Vun Dräibiz bis Vullemätti“, esou heescht deen neiste Band an der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. De ganze Summer iwwer wäerte mer hei all Woch eppes Interessantes ronderëm d’Frechheete gewuer ginn. Beim Jean-Marc Turmes sinn d'Sarah Hess an de Christopher Morse vum ZLS.
© RTL Grafik

Mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch verbrénge mir de Summer mat enger vun de Spezialitéite vun der Lëtzebuerger Sprooch: de Frechheeten

Sarah Hess: Dajee, Chris, du faule Batz. Du kënns jo nees net an d’Gäng!

Christopher Morse: Ma Sarah, wat bass du eng Quetsch! Looss mech mat Rou!

Jean-Marc Turmes: Dir zwee sidd awer net léif matenaner!

Sarah Hess: Och wann et hei elo vläicht net esou kléngt, kënne mir eis richteg gutt gebrauchen. Mee et ass der sécher opgefall, mat wat fir enger Zort Frechheete mir haut ze dinn hunn.

Jean-Marc Turmes: Dir hutt hei mat Äppelbätz a mat Quetsche ronderëmgeheit. Ech menge ganz, mir si beim Uebst.

Christopher Morse: Mir hunn am Lëtzebuergeschen effektiv eng Rei Frechheeten, déi mer an d’Welt vum Uebst a vum Geméis léine ginn. Ewéi zum Beispill: Du bass eppes ewéi eng Spargel!

Sarah Hess: An du bass eng Noss! Heiansdo geet d’Wuert aleng schonn duer, fir eis Gefiller kloer ze maachen.

Jean-Marc Turmes: An oft fanne mer déi Frechheeten och nach verstäerkt mat engem Adjektiv.

Christopher Morse: Genee. Do hätte mer zum Beispill eng domm Noss, eng granzeg Porrett ...

Jean-Marc Turmes: ... oder eng al Kréischel ... Bis op d’Noss an den Apelbatz sinn dat jo Frechheeten, déi géint d’Frae geriicht sinn. Si mer da manner frech mat de Männer?

Sarah Hess: Am Lëtzebuergeschen ass dat meescht Uebst a Geméis weiblech. Mee mir hunn awer genuch aner Methoden, fir d’Männer ze vernennen.

Jean-Marc Turmes: Wéi komme mer iwwerhaapt op déi Iddi, Uebst a Geméis als Frechheeten ze huelen?

Christopher Morse: Dat ass eng linguistesch Traditioun, net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, mee e globalen Trend.

Sarah Hess: Mir maache pickeg Remarken iwwer enger Persoun hiert Behuelen, hire Charakter oder hiert Ausgesinn an huelen Uebst- a Geméiszorten, fir d’Beleidegung vläicht e bëssen ofzeschäerfen.

Jean-Marc Turmes: Dat heescht, ech schwätze vun enger „dommer Noss“ amplaz vun engem „Tutebatti“ oder enger „Toz“. Ginn et dann nach aner Formen?

Christopher Morse: Et ginn och nach zesummegesate Wierder: Wa mer genervt sinn, well eng Persoun sech ze vill mat klengen Detailer ophält, da schwätze mer vun engem „Muertentrëppeler“ oderengem „Ierbessenzieler“.

Sarah Hess: Domat menge mer also net, datt een do sëtzt, Ierbessen ze zielen.

Jean-Marc Turmes: A firwat huele mer verschidden Zorten an net anerer?

Christopher Morse: Dat ass eng gutt Fro. Vläicht brauche mer effektiv e puer nei Varianten. Ewéi zum Beispill: „Du agebilte Champignon“ ...

Sarah Hess: ... oder „du granzegen Zelleri“.

Jean-Marc Turmes: Vläicht setze se sech jo duerch 😊

Back to Top
CIM LOGO