Op de Punkt gewierztWann et brennt a gläichzäiteg schmaacht: Piri Piri

Michèle Schons
En ass kleng, rout a bréngt vill Hëtzt op den Teller: De Piri Piri. D'Chili-Schot, déi virun allem mat der portugisescher an afrikanescher Kichen verbonne gëtt, ass haut op der ganzer Welt beléift.
© pixabay

Wann et brennt a gläichzäiteg schmaacht: Piri Piri

De Numm Piri Piri kënnt aus verschiddene Bantu-Sproochen an heescht esou vill wéi „Peffer Peffer“. Ursprénglech stamen déi schaarf Chili-Schoten aus Südamerika. Portugisesch Séifuerer hunn se am 15. a 16. Joerhonnert op den afrikanesche Kontinent bruecht. Si wiisst awer haut och an Afrika, z.B. Angola, Ghana an a Südafrika. De Spëtzekach Pit Wanderscheid erkläert:

Jo, et ass eng Paste, si besteet eeben aus frësche Piri -Piri -Chillien, dat ass eng eege Gattung un Chillien, déi ass mëttelméisseg schaarf, dat ass elo net esou eng extreem Schäerft, déi se huet, kéint ee lo ersetze mat Thai-Chillien, falls ee lo Problem huet se ze fannen, well et kann ee sech déi Paste och selwer maachen, da kënnt Knuewelek, Olivenueleg bäi an eng Saier ass wichteg, d'Saier besteet entweeder aus Esseg oder aus Zitrounejus, ech empfeelen do natierlech den Zitrounejus, wann et sech awer sollt e bësse méi laang halen, ass den Esseg natierlech ze recommandéieren.

Piri Piri ass awer méi wéi nëmme Schaarf. Nieft dem Capsaicin, dat fir dat brennend Gefill am Mond verantwortlech ass, hunn d'Chilien och fruuchteg a liicht zitrusaarteg Notten. Genee dës Kombinatioun mécht de Gewierz esou villfälteg. Besonnesch populär ass déi schaarf Marinad fir Poulet, deen ee Plat weltbekannt gemaach huet:

De Frango Piri Piri, also dat ass dee bekannte Poulet, dee gëtt à la Broche gebak a gëtt dann ageriwwe mat Piri Piri am Virfeld. Dann gëtt et awer och Camarao Piri Piri, dat ass dat selwecht awer mat Gambas oder Scampien. Dann Pasta Piri Piri oder ganz klassesch als Steak Topping. Also och de Piri Piri huet do an der moderner Restauratioun wierklech seng Plaz fonnt. Ech mengen och déi portugisesch Kichen huet sech extrem weiderentwéckelt, och esou wäit, dass se a groussen Haaptstied haut hir Plaz huet, wou se wierklech zu engem zu enger Trendkiche ginn ass an do dierf Piri Piri op kee Fall feelen.

Och wann d'Chili kleng ass, soll een hir Kraaft net ënnerschätzen. De Schaarfgrad ka jee no Zort an Veraarbechtung staark variéieren. Fir Ufänger gëllt dofir: léiwer lues doséieren an no a no méi dobäiginn. Mëttlerweil gëtt Piri Piri net nëmmen an Afrika oder Portugal benotzt. Och an Europa huet de Gewierz seng fest Platz fonnt. Domat ass Piri Piri e gutt Beispill dofir, wéi Gewierzer iwwer Kontinenter gereest sinn a sech an ënnerschiddleche Kulture weiderentwéckelt hunn.

Pit Cooks The World

Back to Top
CIM LOGO