Frech duerch de Summer - Episod 1Wat ass eng Frechheet?

Jean-Marc Turmes
"Vun Dräibiz bis Vullemätti", esou heescht dee neiste Band an der Serie "Lëtzebuerger Wuertschatz" vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. De ganze Summer iwwer wäerte mer hei all Woch eppes Interessantes ronderëm d’Frechheete gewuer ginn. De Jean-Marc Turmes huet mam Armand Becker vum ZLS geschwat.
© RTL Grafik

"Vun Dräibiz bis Vullemätti", esou heescht dee neiste Band an der Serie "Lëtzebuerger Wuertschatz" vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch.

Jean-Marc Turmes: Wat ass eigentlech eng Frechheet?

Armand Becker: Eng Frechheet ass am Fong e Wuert oder alt emol en Ausdrock, mat deem een eng aner Persoun wëllt vernennen an och dacks wëllt beleidegen.

Jean-Marc Turmes: Wuer geet een dann dës Wierder oder Ausdréck sichen?

Armand Becker: Do huet ee verschidde Méiglechkeeten. Dacks gebraucht ee Wierder, déi d’Ausgesi vun der Persoun, hire Charakter oder awer och hiert Behuele beschreiwen. Hei kann een emol méi oder manner staark Begrëffer gebrauchen. Vill Frechheete si relativ harmlos, et gëtt der awer och eng Hellewull, déi richteg graff, jo heiansdo esouguer vulgär sinn. Dës Frechheete sollt een awer vläicht éischter evitéieren.

Jean-Marc Turmes: Wéini gebraucht een dann esou Wierder?

Armand Becker: Ma do fale mer elo en ettlech Situatiounen an. Meeschtens gebraucht een eng Frechheet, wann ee mat sengem Vis-à-vis rosen ass, well en eppes gemaach huet, wat engem net gefält: „Wéi e Blani huet sech op meng Parkplaz gestallt?“ Wann een dann e bësse méi graff ënnerwee ass, da gëtt och emol d’Wuert „Rëndvéi“ gebraucht oder „Vullemätti“.

Jean-Marc Turmes: De Vullemätti ass awer scho ganz staark oder?

Armand Becker: Dat hänkt vill vun der Persoun of, déi d’Wuert gebraucht. Fir déi eng ass „Vullemätti“ ganz akzeptabel, fir anerer ass et en absolutten No-Go. D’Intensitéit vun enger Frechheet, also ob se méi oder manner staark ass, ass ganz subjektiv. Wat fir deen ee ganz harmlos ass, ass fir een aneren inakzeptabel.

Jean-Marc Turmes: Wou kommen dann eigentlech d’Frechheeten hier a wéi si se opgebaut?

Armand Becker: Ma an den nächste Woche wäerte mer op déi dote Fro méi am Detail agoen a verschidden Aspekter ronderëm d’Frechheete méi genee ënner d’Lupp huelen, do gëss de da gewuer, wat et mat engem „Quetschelisi“, engem „Knubberdulles“, enger „Porrett“ oder engem „Rëndvéi“ op sech huet.

Jean-Marc Turmes: Ma da si mer gespaant, wat mer do alles ze héiere kréien!

Back to Top
CIM LOGO