E Mëttwoch de Moie war d'Co-Presidentin vun déi Gréng eis Invitée vun der Redaktioun.

Et muss een och e bëssen op den Toun oppassen. Eng ganz aggressiv Aart a Weis, wéi déi, déi de Michel Wolter un den Dag geluecht hat, féiert zu net vill, mä kéint éischter souguer e Grond sinn, dass ëmmer manner Leit sech politesch wëllen engagéieren.

Dat sot d’Djuna Bernard e Mëttwoch de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun, zu der Interventioun vum Michel Wolter, deen d’lescht Woch an der Chamber wéinst der ominéiser Gaardenhaischen-Affär jo ferme op d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg geklappt hat.

D'Co-Parteipresidentin vun déi Gréng fënnt, dass et elo un der Justiz wier, fir ze tranchéieren. D'Affär wier beim Verwaltungsgeriicht a politesch gesinn hätt d’Carole Dieschbourg sech op alle Fall näischt ze reprochéieren. Si hätt sech net verstoppt a wier zu all Ament ganz transparent mat allem ëmgaangen, fënnt déi jéngst Deputéiert an der Chamber.

Déi Gréng hunn an hätten ëmmer héich Standarden u sech selwer gehat, dofir wier et normal, dass et duerch d’Affär Traversini Kritik gouf. D'Ëffentlechkeet wier vläicht grad duerch déi eegen héich Deontologie-Standarden méi streng mat de Gréngen, wéi mat aneren, wa sech emol net dru gehale gouf. Et géif een sech dovun als Partei oder Fraktioun awer net ënnerkréie loossen an dru schaffen.

Wat en neit Klimaschutz-Gesetz ugeet, sot d’Djuna Bernard iwwerdeems, dass een äifreg um schaffe wier a si géif mierken, dass och déi zwee Koalitiounspartner gewëllt wieren, séier virun ze kommen.

Invité vun der Redaktioun: Djuna Bernard