E Mëttwoch de Moie war de Vizepremier, Minister fir Verdeedegung a Mobilitéit eisen Invité vun der Redaktioun.

Dat Joer Corona-Pandemie war en extrem schwieregen Ament fir mech a fir déi ganz Regierung. Mir hunn haart Decisioune missen huelen. Ma elo gesi mer Liicht um Enn vum Tunnel. Dat sot de Vizepremier François Bausch am RTL-Interview um Mëttwoch de Mueren.

Réckbléckend hätt een och Feeler gemaach an dat misst een unerkennen. Et wär onméiglech gewiescht, alles richteg ze maache bei engem Virus, dee kee Mënsch kannt huet. Sou hätt een e besseren Equiliber kënne fannen tëscht dem Fonctionnement vun der Gesellschaft, der individueller Fräiheet an der Protektioun vun der Gesondheet. Donieft wär een net gutt genuch virbereet gewiescht. An ganz Europa hätt kee Land e Plang gehat an dofir misst een e Bilan zéien. Net fir Scholdzouweisungen ze maachen, ma fir sech fir d'Zukunft besser opzestellen.

De Couvre-feu gëtt ofgeschaaft
Dëse Mëttwoch ass fir d'éischte Kéier de Regierungsrot nees physesch beieneen. Dat wier gutt, well iwwer Video wär et och alt mol méi séier zu Tensioune komm, déi et wann ee sech gesinn hätt, net gi wieren. Et wäerten elo gréisser Ouverturë komm, verréit de Vizepremier. Sou soll zum Beispill de Couvre-feu ewech falen, do wär sech all Mënsch eens. Donieft soll nees queesch duerch de Gaart a ville Beräicher méi méiglech ginn. Sief et am Privaten, am Sport oder an der Kultur. Ma et misst ee virsiichteg bleiwen a virun allem d'Impfe wier wichteg. Eng wichteg Hëllef wier och den Impfzertifikat, esou de Minister Bausch.

Och bei de Schnelltester wäerten et Ännerunge ginn
Natierlech misst een och elo do oppassen, fir d'Kand net mat der Bidden auszeschëdden. Et hätt een d'Situatioun elo ënner Kontroll an et wéilt een och d'Kontroll behalen. Et misst ee sech och e Plang gi fir den Hierscht, fir dass een net nees Fräiheete misst zeréckschrauwen, well de Virus wäert bleiwen.

Et wäert een a puncto Schnelltester op den 3G setzen, geheelt, getest oder geimpft. Dass een e Pass géing kréien a mat deem kéint een e Besuch am Horeca-Beräich maachen. An da wäert een Ënnerscheed gemaach ginn, jee nodeem, wéi vill Leit zesummekommen.  

A puncto europäeschen Impf-Zertifikat ass de Vizepremier frou, dass ee sech konnt drop eenegen, wéi den 3G soll applizéiert ginn. Natierlech wär d'Gesondheet vun de Bierger eng national Kompetenz, mä d'Koordinatioun hätt awer hei fonctionéiert. Wann ee mat dem QR-Code duerno kéint duerch Europa reesen ouni Contrainten, da wier dat eng immens Erliichterung. Wat all déi Leit ugeet, déi bis dann nach net d'Méiglechkeet kruten, sech impfen ze loossen, deene misst een natierlech och entgéintkommen a sécherstellen, dass se déi nämlech Rechter kréie wéi all déi aner. Dat wär jo dann och just eng kleng Quantitéit u Leit a keng grouss Mass. Den Ament léich ee bei enger Impf-Participatioun vu 70 Prozent. Hie géing hoffen, dass een duerno tëscht 70 an 80 Prozent kéint leien.

„Et deet mer schrecklech leed, mä mir hate keen Choix“

„Fir mech ass dat do eng ganz gefillsméisseg terribel Geschicht“, dat seet de François Bausch zum Recours vum Félix Braz géint seng „Démission honorable“. Wat geschitt wier, wier eng mënschlech Tragedie a géing him sou Leed doen, dass kee sech dat kéint virstellen, an et géing him och extrem wéi doen. Hie kéint sech net verdeedegen, well hien immense Respekt virum Félix hätt an dëser Geschicht, sou de François Bausch. An et géing him Leed doen, mä et hätt ee kee Choix gehat, weder deemools, nach haut.  Op d'Fro, ob et deemools net awer e Krack ze séier gaange wier, äntwert den François Bausch kloer "Nee". Et wär ëm d'Fro gaangen, ob hien hätt kënnen e Regierungsmandat ausüben oder net. Et wär een elo awer bal 2 Joer duerno an hie wéilt kee Jugement ofginn, mä dat wär net méiglech gewiescht an dat ass och haut net méiglech. Dat géing hien a seng Famill wuel och änlech gesinn. Hie wär awer och ëmmer nach bereet, dem Félix ze hëllefen, wou hien nëmme kéint, mä hie kéint just Saache maachen, déi och eng gesetzlech Basis hätten.

Hie kéint d'Détresse vun der Famill novollzéien. Hien hätt där Situatiounen op politeschem, wéi och op privatem Niveau och scho selwer erlieft a wéisst, wat dat géing heeschen. An dat wär fir eng Famill och extrem schwéier an dofir kéint hien dat mënschlech gesinn novollzéien, ma op dëse Wee elo de richtege wier, dat wéisst hien net, sou de François Bausch. Hie wéilt dat net jugéieren an net kommentéieren. Ob dëst elo e Schued fir d'Partei wier, dat wär him éierlech gesot egal, sou de Vizepremier. Et géing him ëm de Mënsch goen. Déi mënschlech Dimensioun wier hei wichteg, soss näischt.

Invité vun der Redaktioun: François Bausch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.