Där Meenung ass d'Professorin fir Germanistik vun der Uni Basel, déi en Donneschdeg eis Invitée vun der Redaktioun war.

Fake News vum Donald Trump, Brexit-Propaganda, Corona-Verschwörungstheorien an Desinformatioune wärend dem Krich an der Ukrain: mer sinn ëmmer méi dacks mat Manipulatioune vun der Realitéit konfrontéiert. Hallefwourechte sinn dat wichtegst Instrument vun enger geziilter Desinformatioun. Et si meeschtens Falschaussoen, déi zum Deel op richtege Fakte baséieren an zum aneren Deel spekulativ, fiktiv oder iwwerdriwwe sinn an och mol Informatiounen aus dem Kontext räissen. Déi falsch Informatiounen hunn Héichkonjunktur, och wéinst enger Vertrauenskris an d’Instanzen, erkläert d'Professorin fir Germanistik Nicola Gess*.

Dat wier awer keen neit Phenomeen, och an der Vergaangenheet hätt ee scho gesinn, dass bei Wëssens- a Vertrauenskrise méi Desinformatioun an der Gesellschaft verbreet gëtt. Och d'Opkomme vun neie Medien, hautdesdaags déi sozial Medien, sinn e Grond dofir, dass Hallefwourechten ëmmer méi an ëmmer méi séier verbreet ginn. An de soziale Medie gëtt et am Géigendeel zu de klasseschen, keng sougenannt "Gatekeeper", spréch Journalisten, déi relevant Informatioune filteren a kontrolléieren, ob se korrekt sinn. Donieft missten déi sozial Medien net fir de falsche Contenu op hirer Websäit haften.

Hallefwourechte wiere geféierlech fir eng Demokratie, well se déi gemeinsam Grondlag, op där kann diskutéiert ginn, ënnergruewen. An der Pandemie zum Beispill huet ee fir d'Éischt missten acceptéieren, dass et e Virus gëtt, dee geféierlech ass an op der Basis kann een dann iwwer verschidden Mesuren diskutéieren.

Verschwörungstheorien dierft een awer net just mat Faktenchecke bekämpfen, well vill Leit géingen dogéint immun bleiwen, seet d’Professorin fir Germanistik. Dofir bräicht et donieft een Fiktiounscheck. Wa Geschichten ze vill ronn a "glat" wieren, misst ee besonnesch kritesch sinn. Nom Faktencheck misst een dann och kucken, firwat eng Ausso besonnesch glafwierdeg war an et misst een erausfannen, wéi eng Emotiounen, Ängscht a Wënsch iwwerhaapt mat der Hallefwouerecht bedéngt goufen. Fir d'Medie war et generell d'Consigne, e System anzeféieren, wéi d‘Washington Post et gemaach huet deemools bei der Presidentewal mam Donald Trump. Si hunn Aussoe vum fréiere President ma och vun anere Politiker direkt kontrolléiert a jee no Gravitéit vun der Ligen tëscht 1 an 4 "Pinocchioen" verginn. Dorunner konnten d'Leit sech orientéieren, erkläert d'Nicola Gess.

Invité vun der Redaktioun: Nicola Gess

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

*D'Professesch fir Nei Däitsch Literatur op der Universitéit Basel war op Invitatioun vum Institut Pierre Werner zu Lëtzebuerg, fir e Virtrag iwwer hiert Buch "Halbwahrheiten: Zur Manipulation von Wirklichkeit" ze halen.