D'Suerge vun de Jonke kennt de Vizepresident vun der nationaler Schülerkonferenz CNEL. Den Dany Lopes Semedo war eisen Invité vun der Redaktioun.

Déi sëlleg Krise beschäftegen och déi Jonk. Si maache sech haaptsächlech Suergen ëm hir Zukunft, huet déi national Schülerkonferenz CNEL bemierkt. De Vizepresident Dany Lopes Semedo war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. De Schoulstress ronderëm d'Prüfungen an d'Notten ass domadder net méi déi Haaptsuerg vun de Schülerinnen a Schüler. Mä d'CNEL huet gemierkt, dass d'Froe ronderëm d'Ëmweltpolitik, esou wéi och d'Pandemie an de Krich an der Ukrain e groussen Impakt op déi mental Gesondheet hunn. Mä och d'Logementskris mécht, dass sech eng Partie Leit schonn am Lycée Suergen ëm hir Zukunft maachen.

Schoulreform: manner Frontalunterrecht

Esou Themen, déi déi Jonk beaflossen, misste méi an der Schoul ugeschwat ginn. Dowéinst schafft d'CNEL och weider un enger Schoulreform. Aktuell géing et nämlech ze vill vun de Schoulen, respektiv den Direktiounen ofhänken, wéi ee mat der Aktualitéit ëmgeet. Am Kader vun der Schoulreform wëll sech déi national Schülerkonferenz dofir asetzen, dass manner Frontalunterrecht gehale gëtt an déi Jonk méi agebonne ginn.

Matschwätzen ass essentiell fir d'Demokratie

Dëst Schouljoer wier net vill Zäit gewiescht, fir sech ëm all d'Themen ze këmmeren. Den neie Comité vun der CNEL konnt nämlech eréischt am Ufank vum Joer gewielt ginn. Normalerweis géing dat schonn am éischten Trimester geschéien, ma d'Pandemie huet awer fir d'Verspéidung gesuergt. Themen, wéi méi Nohaltegkeet an dass méi Wäert op déi mental Gesondheet geluecht gëtt, hëlt d'CNEL dowéinst mat an dat nächst Schouljoer. Doriwwer eraus fuerdert déi national Schülerkonferenz, dass all Lycée e Schülercomité sollt hunn, dat wier nämlech nach ëmmer net de Fall. Doduerch wiere Lycéeën dann net representéiert. Matschwätzen ass awer essentiell fir eng Demokratie, huet de Vizepresident vun der CNEL betount. Den Dany Lopes Semedo erhofft sech doduerch och, dass d'Lycéesdirektiounen doduerch méi op déi Jonk lauschteren.

Vun der nächster Rentrée u soll dann och en neie Règlement Grand-Ducal fir d'Schülerkommiteee gëllen. Och hei fuerdert d'CNEL, dass d'Funktioun vun de Schülervertriedunge méi konkret festgehale gëtt. Et wier gutt, dass dat neit Reglement méi Autonomie virgesäit, ma et soll awer net zu Ongläichheeten tëscht de Lycéeë kommen.

Invité vun der Redaktioun: Dany Lopes Semedo

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.