"Mir Bauere sinn ëmmer optimistesch"
En Donneschdeg de Moie war de Karschnatz an d'Situatioun vun de Baueren Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
No 35 Joer un der Spëtzt vun der Bauerenallianz huet de Camille Schroeder viru Kuerzem de Presidenteposten un de Marco Koeune weiderginn. Hie war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
De Bio-Bauer an neie Buergermeeschter vun der Stauséi-Gemeng huet d'Situatioun vun der Landwirtschaft am Land beschriwwen, mat den nach ronn 1.700 Bauerebetriber. Trotz alle Krisen a Problemer wier een ëmmer optimistesch.
Dat aktuellt fiicht Wieder wier natierlech net ideal fir de Karschnatz. D'Dréchent wier kloer och net gutt gewiescht an d'Recolte dierft wuel duerchschnëttlech ausfalen. Et géif awer vu Regioun zu Regioun ofhänken. Et misst ee generell och zu Lëtzebuerg léieren, méi Saachen unzebauen, déi manner op Waasser ugewise sinn.
Dat neit Agrargesetz, dat rezent gestëmmt gouf, wier en Text, deen am Interêt vun der Landwirtschaft wär. De Wee dohinner war net sou einfach. Et ass vill diskutéiert an och protestéiert ginn. Ufanks hätt een d’Gefill gehat, datt e bësse laanscht d’Bauere sollt decidéiert ginn. Dat finaalt Gesetz wär awer koherent a gouf jo och unanime an der Chamber ugeholl. Et wär dat wichtegst Gesetz fir d’Landwirtschaft a soll och jonk Bauere motivéieren an ënnerstëtze bei Investitiounen.
De Marco Koeune ass elo schonn zanter 25 Joer Biobauer zu Harel. Déi ekologesch Landwirtschaft hätt eng Rei Virdeeler, grad a Waasserschutz-Gebidder. D’Nofro wier do no Bio-Liewensmëttel. Am EU-Verglach léichen d’Lëtzebuerger op der drëtter Plaz vu Bio-Konsum, mä just op 23. Plaz vun der Ubaufläch. Do wier also nach Sputt no uewen. Aner Länner géife weisen, datt et geet. Aktuell mécht d’Bio-Landwirtschaft hei am Land 6,6% aus. D’Zil vun der Regierung war u sech fir 2025 bei 20% ze leien.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.