"D'Unanimitéit muss ganz kloer fort"
E Mëttwoch de Moie waren d'Europawalen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Et wier e ganz aneren EU-Walkampf ewéi déi, déi mer bis ewell kannt hunn. Virop wéinst der Gefor vun engem Rietsruck. Dat sot de Charel Goerens e Mëttwoch de Moien als Invité vun der Redaktioun. Den DP-Europadeputéierten a Spëtzekandidat sëtzt zanter 22 Joer zu Bréissel a Stroossbuerg am Parlament.
Et wier bal sécher, dass rietsextreem a populistesch Parteie wäerten zouleeën, mä fir eng Majoritéit wäert et awer net duergoen. Et wier dofir un de véier politesch moderéierte Parteien (der EVP wou d'CSV dran ass, der S&D wou d'Sozialisten dra sinn, Renew wou d'DP dran ass, an déi Gréng), fir eng staark Koalitioun als Géigegewiicht ze forméieren. Een Zickzack-Cours ze fueren, wéi d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen dat grad maache géif, andeems se mat de rietse Fraktioune flirt, dovunner réit de Charel Goerens of.
Vill Chantieren: Bannemaart, Institutiounen an Aussepolitik
Et gëtt vill Chantieren uechter d'EU. Ugefaange mat den Institutiounen. Fir de Rechtsstaat ze schützen, bräicht d'EU all Kéiers eng Unanimitéit. Dat géing einfach net méi fonctionéieren. Dofir misst d'Unanimitéit fort. Och an der Aussepolitik an a Steierfroen, sou de Charles Goerens. D'Unioun bräicht och e richtegen Ausseminister. Nëmmen esou kréich een um geopolitesche Plang genuch Gewiicht.
Och de Bannemarché géing net gutt fonctionéieren. Aktuell géing een tëscht dem amerikanesche Protektionismus an dem chineeseschen Dumping erdréckt ginn. Zwar hätt een an der EU zanter hirer Grënnung een Zouwuess vun der Kafkraaft vun 30 Prozent, mä bei den Amerikaner wieren et 60 Prozent. Dofir fuerdert de Liberalen eng Kapitalmaart-Unioun. Et misst een et den europäesche Spuerer méiglech maachen, d'Suen hei ze placéieren. Aktuell géingen nämlech knapp 300 Milliarden an den USA placéiert ginn an domadder géif een den Ausverkaf vun der eegener industrieller Substanz finanzéieren.
Keen Alters-Determinismus
Rezent war dem Europadeputéierte reprochéiert ginn, sech vis-à-vis vu senger Co-Spëtzekandidatin wéi een "ale wäisse Mann" beholl ze hunn. D'Amela Skenderovic hat an engem Instagram-Post, dee mëttlerweil geläscht ass, kritiséiert, dass sech d'DP net fir d’Unerkennung vu Palestina asetzt. De Charles Goerens hätt duerno dovunner geschwat dass d'Jugend ze ongedëlleg wier a bei komplexer Diplomatie "ofschalte" géing.
De Reproche, deen him vu jonke Fraen aus der Oppositioun gemaach gouf - nämlech dass hien d'Jugend net géing eescht huelen - léisst de Charles Goerens awer absolut net gëllen. Wat den Noen Osten ugeet, kéint een net direkt eng Léisung kréien, obwuel vill Leit dat fuerderen. Hie kéint och d'Ongedold gutt verstoen, mä hie wier frou, wann iwwer de Fong géing geschwat ginn, an dass ee sech an der Oppositioun net zu "Altersdeterminismus" géing hiräisse loossen. D'ailleurs hätt och d'Journalistin vum Artikel kloergestallt, dass een déi Reprochen do net eraninterpretéiere kéint, esou de Charles Goerens.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.