En Donneschdeg de Moie war den Naturschutz Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Den Overshoot-Day vu Lëtzebuerg, also den Dag, wou all eis natierlech Ressourcë verbraucht sinn, ass Mëtt Februar: "mir si schonn Dreckspittien an Dreckskettien". Dat sot den Nach-Direkter vu Greenpeace den Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Well awer de Gros dovunner mat eiser Wirtschaft oder mat der Finanzindustrie zesummenhänkt, wier eng nohalteg Finanzindustrie de gréissten Defi vun der Zukunft an der Lëtzebuerger Ëmweltschutz-Politik.

Oppassen op Greenwashing

Déi gréissten 100 Fongen hei am Land produzéiere véiermol méi CO2-Ausstouss mat hiren Investissementer wéi de ganze Grand-Duché, sou de Raymond Aendekerk. Donieft hätt een am État de la Nation eraushéieren, dass och an Zukunft soll op d’Finanzindustrie gesat ginn. D’Bourse géing sech engagéieren, fir och gréng Placementer ze hunn, mee dat wiere just 2-3 Prozent. Wat ass mat den anere 97? Do misst een oppassen, kee Greenwashing ze maachen. 
Wat kann de Bierger dogéint maachen? Net ganz vill, gëtt den Invité zou. Benevoller vu Greenpeace hätte getest, fir bei 6 verschiddene Banke klimagerecht Investitiounen ze maachen. D’Banke wieren zweemol duerchgefall, entweder duerch hir Berodung, déi se duerch eng europäesch Richtlinn mussen ubidden, oder duerch de Produit, dee se ugebueden hunn. Wann d’Leit sech mat hire Sue fir e Projet wéilten engagéieren, hätte se also just d’Méiglechkeet, fir zum Beispill bei enger Energie-Kooperativ ze investéieren oder bei engem Biobauer e puer Aktien ze kafen. Mee de grousse Player, mat de Milliarden, géing op engem aneren Niveau lafen, dee fir den normale Bierger net iwwerschaubar wier, sou den Nach-Direkter vu Greenpeace.

Wéi radikal soll den Ëmweltschutz sinn? 

Radikal Ëmweltschutz-Aktiounen [vun Extinction Rebellion oder Last Generation, ndlr.], wéi zougesaten Autobunnen, Ueleg viru Gebaier oder Faarf op Konschtwierker sinn an de leschte Joren an d’Luucht gaangen. Ass dat d’Zukunft? De Raymond Aendekerk mengt net. Et géing aner Weeër ginn, fir eppes public ze maachen. Allerdéngs misst een och betounen, dass déi Aktiounen ëmmer nach gewaltfräi sinn. Wa jonk Leit sech un d’Strooss pechen, da si se verzweiwelt, well an der Politik näischt leeft. Dat misst ee verstoen, sou de Greenpeace-Direkter. 
 
Fir e Paradigmewiessel musse mer diskutéieren

Mir brauchen e Paradigmewiessel, dovunner ass den Invité iwwerzeegt. Et misst een dofir iwwer 3 wichteg Sujeten diskutéieren. Éischtens iwwer d’Gemeinwohl-Ekonomie. Also wat all Betrib mécht fir d’Allgemengheet punkto Ëmwelt, Soziales, Gender, Nord/Süd-Gefälle etc.

Zweetens bräicht et e bedéngungsloost Grondakommes. Mir hätten hautdesdaags mat Roboter an Digitaliséierung net méi de Problem, fir genuch ze produzéieren. Mee dofir bräicht een awer eng Garantie, dass Leit, déi doduerch keng Vollzäitaarbecht méi hunn, awer nach een Akommes hunn.

Drëttens misst een iwwer den Zougang zu Land diskutéieren. All Mënsch bräicht eng Plaz, fir kënnen ze wunnen, ze schaffen oder seng Poretten unzebauen. Déi grouss Fro wier, wou a wéi doriwwer diskutéiert gëtt, sou de Raymond Aendekerk.

Invité vun der Redaktioun: Raymond Aendekerk

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.