E Mëttwoch de Moien war d'Kultur Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

De Jo Kox, Éischte Conseiller am Kulturministère, deen e Freideg an d’Pensioun gaangen ass, sot e Mëttwoch de Moien hei op RTL, datt de groussen Defi dee wier, e Bilan vum éischte Kultur-Entwécklungsplang (KEP) ze zéien an no der Rentrée eng Diskussioun iwwert en zweete KEP unzefänken. De Jo Kox hat selwer d’Ausschaffe vum éischte Kulturentwécklungsplang a senge gutt 60 Recommandatioune fir d’Joren 2018 bis 28 koordinéiert. Hie war vum deemolege Kulturminister Xavier Bettel vu Bausse geruff ginn, fir dat ze maachen. Dat géing weisen, datt de KEP keen "Diktat" vun Uewen erof wier.
 
An den nächste 6 bis 12 Méint missten de Kulturminister Eric Thill an den neien 1er Conseiller Carl Adalsteinsson decidéieren, ewéi si wëlle fueren a wéi se d’Kulturzeen wëlle matabannen. Hien huet hinnen och follgend Rotschléi mat op de Wee ginn: Dem Jo Kox no hätt sech d’Kulturzeen an de leschte Joerzéngte geännert. Beim Ausschaffe vum éischte KEP hätt ee sech op d’fräischaffend Kënschtler konzentréiert an d’kulturell Institutiounen negligéiert.
 
D’Privat Initiative misst een och méi mat an d’Boot huelen. De Jo Kox huet awer d’Professionalisatioun vun der Kulturzeen deels kritiséiert, well d’Fräiheet vun de Kënschtler wier doduercher anescht strukturéiert. Donieft hätt et hien ëmmer gestéiert, datt Konscht um Marché zu engem Finanzproduit géing ginn. E Bild zum Beispill géing vu Verschiddener méi duerch d’finanziell Valeur gekuckt ginn, ewéi d’artistesch Valeur.
 
De Jo Kox huet mat "grousser Satisfaktioun" op seng Karriär zeréckgekuckt. Et misst ee Chance kënnen ergräifen. Hien huet och begréisst, datt ënnert kenger Regierung iergendeen ageengt gi wier. Weder e Kënschtler, nach en Direkter vun der Institutioun. D’Kënschtlerfräiheet, wier dat "kostbaarst" wat Lëtzebuerg hätt.

Invité vun der Redaktioun: Jo Kox

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.