E Freideg de Moie war d'Landwirtschaft Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Mer hunn zanter quasi engem Joer ze vill Reen. Dee kéim besonnesch elo ongeleeën, well de Karschnatz usteet an et do misst dréche sinn, fir alles ënner Daach ze kréien. Dat sot de President vun der Bauerenzentral, de Christian Wester e Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

Gewosst wier schonn, dass d’Quantitéit vu der Recolte dëst Joer méi moer wäert ausfalen. Lo wou et dréchen ass, géifen d’Baueren owes heiansdo méi laang musse schaffen. De Christian Wester huet d’Leit gebieden, dat z’entschëllegen.

Wat d’Politik ugeet, wier een enttäuscht vun der neier Regierung. Gemooss un den Aussoe vum Premier oder dem Ëmweltministère, wier nämlech nach vill Loft no uewen. An der Theorie géif zwar alles gutt kléngen, mä praktesch géif et nawell schleefen. Et wier een ongedëlleg. Dräi Méint nom Landwirtschaftsdësch wier nach wéineg reell ëmgesat.

Besonnesch am Ëmweltministère hätt een d’Gefill, wéi wann d’Beamte sech méi schwéier géifen doe mat der neier Devise vun der Regierung, fënnt de Christian Wester. Besonnesch de Prinzip vum once only wier wichteg. Dat ass eng Zort Guichet unique fir de Secteur, fir dass een Dokumenter net ëmmer nees op en Neits muss areechen.

Invité vun der Redaktioun Christian Wester