E Méindeg de Moie war de Lëtzebuerger Poste vum EU-Kommissär Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Den designéierten nächste Lëtzebuerger EU-Kommissär Christophe Hansen war e Méindeg den Invité vun der RTL-Redaktioun. Deen hat de Weekend Zäit seng offiziell Nominatioun ze verdauen. De Christophe Hansen ass sech awer och bewosst, dass déi offiziell Nominatioun eréischt déi éischt vu villen Etappen ass, mat um Enn och nach enger Zort Passage-Examen am Europaparlament. Ugefaangen hat dat Ganzt mat de Koalitiounsverhandlungen tëscht CSV an DP.

"Wéi da bis de Programm stoung, gouf och iwwert d'Käpp geschwat, wierklech ganz zum Schluss am November. An do huet den Här Frieden mech gefrot, ob ech déi Missioun als Kommissär wéilt unhuelen, an do hunn ech och direkt Jo gesot. Dat heescht, dat ass eng Entscheedung, déi eigentlech schonn duerch d'Chamberwale getraff ginn ass."
   
Mam Papp a mam Brudder als Baueren an enger Cousine als Landwirtschaftsministesch verwonnert et net, dass och international spekuléiert gëtt, dass de Christophe Hansen den Agrardossier zu Bréissel iwwerhëlt. Hie weist sech do virsiichteg a wëll emol ofwaarden, bis all d'Memberlänner hir Kandidate fir d'Kommissioun nominéiert hunn. Dono ass et un der Kommissiounspresidentin von der Leyen fir ze decidéieren, am Respekt vum Resultat, dat bei den Europawalen erauskoum. Et géif och ëm méi wéi just ee Poste goen, mä och drëm de Message vum Wieler richteg ëmzesetzen, a fir Weichen ze stellen.
 
"Mir haten d'Conférence sur le Futur de l'Europe, wou och eng ganz Rëtsch Unhaltspunkte komm sinn, wéi mir Europa méi resilient kënne maachen, wéi mir e méi handlunsgaktiv kënne maachen a wéi mir et méi an de Service vum Bierger kënne stellen. Dat sinn déi grouss Erausfuerderungen."
 
Nieft der Agrarpolitik huet de Christophe Hansen och net verstoppt, dass aner wichteg Volete wéi Handel, Ëmwelt oder Klima him leien an enk mat der Landwirtschaft verknäppt sinn. Et kéint ee grad an esou Beräicher wier eng differenzéiert Approche ubruecht.
 
"Verschidde Saachen, déi mir vläicht zu Lëtzebuerg wéilte maachen a kéinte maachen, maachen zu Lëtzebuerg Sënn a géifen elo net a Griicheland, Zypern oder Südspuenien Sënn maachen. An dat ass dat, wou een déi ganz Politik vläicht muss kënnen un déi national Kaderen upassen."
 
An deem Sënn wier och do Presenz um Terrain an de verschiddenen EU-Länner wichteg. Et wier och wichteg, den administrativen Opwand an der EU méi kleng ze kréien.

Nodeem den Nicolas Schmit aus der Course war fir ee Kommissärsposten zu Bréissel, hat et bei der LSAP schaarf Kritik ginn. Vum Franz Fayot war de Christophe Hansen ee politescht Fiedergewiicht genannt ginn.
 
"Wann een esou eppes muss soen, an de Mann esou muss ugräifen, dann hätt ee vläicht besser virun der eegener Dier ze kieren."
 
Am nämmlechten Otemzuch sot de Christophe Hansen, dass ee fir eng nei Politik och nei Leit brauch.

Invité vun der Redaktioun: Christophe Hansen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.