En Dënschdeg de Moie waren d'Caritas-Affär an d'Stëmmung am Sozialsecteur Themen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Zanter d’Verontreiungsaffär bei der Caritas bekannt ginn ass, huet d’Fedas, d’Federatioun vun den Acteure am Sozialsecteur, sech gefrot, firwat een eng nei Entitéit bräicht. Dat sot de Generalsekretär vun der Fedas, den Thomas Lentz en Dënschdeg de Moien hei op RTL.

Am Sozialsecteur géing et ganz vill Associatioune ginn, déi änlech Aktivitéite scho maachen. De Thomas Lentz huet d’Croix-Rouge genannt, mee och Elisabeth oder Arcus. D’Mataarbechter, déi elo bei HUT – Hëllef um Terrain hu misse wiesselen, hätte bei deenen op d’mannst gewosst, wat "d’Valeuren" oder "d’Approchë" sinn. 
 
D’Fedas hat och e Gespréich mam Educatiounsministère. Ee mam Gesondheetsministère wier ofgesot ginn, mee zu Recht, esou de Goerges Lentz. Well déi Gespréicher missten an engem "strukturéierten Dialog" mat engem oder méi Ministèrë sinn. De Premier Luc Frieden huet jo an der Affär d’Kommunikatioun vun Ufank un iwwerholl, an dee krut och "seinerzeit" an nach emol dëse Méindeg e Bréif. Eng Äntwert krut d’Federatioun net: "Do hu mir net d’Gefill, datt dat de Moment onbedéngt de Wëllen ass", esou de Generalsekretär vun der Fedas.
 
Eng grouss Suerg vun der Fedas ass nämlech och, datt d’Regierung kéint iwwerreagéieren a Kontroll am Secteur imposéieren, déi vläicht "iwwert d’Zil eraus oder laanscht d’Zil" kéinte goen.

Onrou am ganze Sozialsecteur

Beim Transfert vun den nationalen Aktivitéiten an entspriechende Mataarbechter vun der Caritas bei HUT géingen d’Gewerkschaften dem Thomas Lentz no, schonn "hir gutt Roll" spillen. Als Patronatsfederatioun géing d’Fedas just soen: "déi Onrou, déi an all deene Reportagen an Temoignagen erëmkënnt, spigelt e bëssen och déi Onrou, déi et am Secteur gëtt erëm". Jidderee géing sech froen: "wat ass dann elo déi nei Maschinn".
 
D’Patronen an d’Gewerkschafte ware sech iwwert en neie Kollektivvertrag fir de Sozialsecteur, dee jo och als Garant fir d’Aarbechtskonditioune bei HUT soll gëllen, eens ginn. D’Regierung muss awer nach zoustëmmen, well de Sozialsecteur "eng souverän Aktivitéit vum Staat ass". Den Thomas Lentz sot, hie géing net dovunner ausgoen, datt deen elo wéinst der Caritas-Affär op der Kipp wier.
 
De Kollektivvertrag, wann en ënnerschriwwe gëtt, gesäit nieft Primmen och vir, datt festgeluecht ass, wou eng Persoun schafft oder ob en Deel vun enger "équipe volante" ass. Dat fir de Fall wou ee muss een ersetze goen oder souwisou um Terrain schafft. Den Thomas Lentz versteet dowéinst d’Onrou, déi déi Dispositioun ausléist, well dat kéint ausgenotzt ginn fir e Mataarbechter deen "engem net méi genehm" ass versat gëtt.

International a Plädoyer politique

De Generalsekretär vun der Fedas huet natierlech och bedauert, datt d’international Aktivitéite vun der Caritas fale gelooss ginn. Den Thomas Lentz huet ënnerstrach, datt de Gros vun deenen Aktivitéiten net vum Staat finanzéiert goufen. Trotzdeem hätt de Staat a sengen Ae d’Méiglechkeet gehat fir déi Projeten anzesprangen, well et sech jo awer ëm Kooperatiounslänner vu Lëtzebuerg handelt.
 
D’selwecht huet hie bedauert, datt de Plädoyer polique vun der Caritas net iwwerholl gëtt. Ob d’Fedas géing dofir asprangen? Dozou sot hien, datt dat «primär» keng Funktioun vun der Federatioun wier. Et wier um Conseil, dem Verwaltungsrot, fir ze decidéieren wien esou eng Aufgab iwwerhuele soll. Et goufe schonn Diskussiounen, ouni awer datt schonn eng Decisioun geholl gi wier.

Invité vun der Redaktioun: Thomas Lentz

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.