En Dënschdeg de Moie war den aktuelle Stand vun der Caritas-Affär Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Sechs Méint ass et hier, dass 61 Milliounen Euro bei der Caritas verschwonne sinn, iwwer méi wéi 120 Virementen, déi a Spuenien gaange sinn. Haut wéisst ee leider nach ëmmer net méi iwwert d'Täter, erkläert d'Nathalie Frisch, Member vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun Caritas.

De Parquet enquêtéiert an der Affär d'Pist vum sougenannte Presidenten-Trick: D'Täter hu sech an E-Mailen un d'Finanzdirektesch als Generaldirekter vun der Caritas ausginn an d'Virementen an Optrag ginn. Et goufen doriwwer eraus och Kreditter bei zwou Banke gezu vun 33 Milliounen Euro.

Wéi d’Finanzdirektesch dorop erafale konnt, ass och nach net kloer. D'Nathalie Frisch betount, dass esou Krimineller sech ganz gutt uleeë géifen. Da géif ee mengen, eng richteg a legal Transaktioun ze maachen. Dat wier nach ëmmer den aktuelle Kenntnisstand. 
 
Dass een elo de Verwaltungsrot géif an d'Responsabilitéit huelen, gesäit d'Nathalie Frisch éischter net. Dee kéint zwar verantwortlech gemaach ginn, wa Feeler an der Gestioun geschéien, mee am Fall vun der Caritas wiere Prozeduren en place gewiescht. Fir si ass d'Caritas Affer an d'Banke wieren hei mat responsabel:

"Mir fannen, datt et net normal ass, wann do Kreditlinne gi ginn, vu Banken op Basis vu kengen Ënnerschrëfte respektiv vun Ënnerschrëfte vu Leit, déi net de Pouvoir haten. Dat ass keng Gestion journalière, dat ass e Verwaltungsrot. Deen dat hätt missen decidéieren an ofseenen, wat net de Fall war, soudatt mir schonn e grousse Problem domadder hunn, datt déi Suen iwwerwise gi sinn. Well, wann do dee Compliance, déi gemaach ginn ass op Basis vun de Reegelen, déi bei de Banke jo awer bestinn, konnt een awer do feststellen, datt déi Mouvementer, déi do sollte gemaach ginn, absolut net normal ware fir d'Aktivitéite vun der Caritas. Weder vun der Destinatioun, nach vun de Montanten." 

Caritas wëll an d'Spezialkommissioun vun der Chamber kommen

D’Caritas an d’Audit-Firma PwC goufen an d’Chamber an d’Spezialkommissioun "Caritas" invitéiert, fir den Deputéierten hir Froen ze beäntwerten. Ma bis dato ass et net dozou komm: D'Caritas huet der Presidentin vun der Kommissioun Stéphanie Weydert en Interessekonflikt virgeheit, well d'Deputéiert nach als Affekotin bei enger Firma ageschriwwen ass, déi als Client eng vun den zwou concernéierte Banken huet. D'Nathalie Frisch betount am Interview, dat wier net glécklech, an d'Caritas géif an d'Kommissioun kommen, esou bal dee Punkt gekläert wier. E konkreten Datum gëtt et deemno net.

Ofwécklung leeft virun 

Aktuell wier d'Caritas dermat beschäftegt ze kucken, d'Decompten ze maachen an ze kucken, wou nach Suen ze kréie sinn, fir de Prêt vu 5 Milliounen un de Staat zeréckzebezuelen. Et wier awer net esou einfach, d'Immobilien am Besëtz vun der Caritas ze verkafen, well do testamentaresch oder staatlech Konditiounen dru geknäppt wieren. Am Moment wieren nach sechs Mataarbechter op der Sich no enger Plaz 

Bailleure sollen hir Sue kréien, iergendwann

Nodeems d'Caritas keng Sue méi hat, krute Leit, déi hir Appartementer iwwert d'Caritas verlount haten, kee Loyer méi. Op d'Fro, ob do d'Paiementer nees géife lafen, betount d'Nathalie Frisch: "Also wéi gesot, d'Payementer gëtt probéiert, dat sou séier wéi méiglech alles ze generéieren, wann d'Liquiditéiten do sinn."

Invité vun der RTL Redaktioun: Nathalie Frisch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.