Oppositioun: Caritas fale gelooss – Majoritéit: Plazen a Sue gerett

© RTL
E Méindeg de Mëtteg war an der Chamber de “Comité de Suivi” vun der Spezialkommissioun “Caritas”.
D’Caritas gouf vun Ufank u fale gelooss an et gouf net no alternative Léisunge gesicht. Deen Androck hat d’Oppositioun nodeems se de Mëtten an der Chamber vun der Spezialkommissioun “Caritas” de “Comité de Suivi” héieren huet. D’Caritas gouf deemno vun Ufank u fale gelooss an et gouf net no alternative Léisunge gesicht. Dee Comité vu Beamten, dee kuerz nodeems d’Verontreiung vu 60 Milliounen Euro bei der Caritas bekannt gouf, vun der Regierung Ufanks August an d’Liewe geruff gouf, ass net mam Krisecomité vun der Caritas ze verwiesselen. D’Majoritéit, déi huet betount, datt och d’national Aktivitéiten an déi entspriechend Aarbechtsplaze vun der neier Entitéit “Hut - Hellef um Terrain” iwwerholl konnte ginn. D’LSAP Fraktiounscheffin Taina Bofferding huet ënner anerem drun erënnert, datt d’Caritas d’international Aktivitéiten ufanks nach wollt retten an déi duerch d’Press da gewuer goufen, datt se fale gelooss ginn.
D’Optioun vun engem Transfert d’Entreprise, esou wéi d’LSAP an den OGBL notamment proposéiert haten, gouf an der Chamberkommissioun och diskutéiert, och wann de Comité de Suivi vun der Regierung confirméiert huet, datt déi Optioun net vun him analyséiert gouf. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann sot, d’Gewerbeinspektioun ITM hätt op de Litige bei der Caritas higewisen, iwwert deen d’Geriichter mussen entscheeden. D’Presidentin vun der Kommissioun, d’CSV Deputéiert Stéphanie Weydert sot, et ginn nach méi Problemer.
Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard war iwwerdeems net der Meenung, datt de Staat riskéiert hätt, fir Kreditlinne vun der Caritas musse riicht ze stoe wann een en anere Wee gesicht hätt ewéi op déi nei Entitéit “Hut - Hellef um Terrain” ze waarden. Den Deputéierte vun déi Lénk de Marc Baum, deen huet vu “klengem Abléck an de Krisemanagement an Zäite vu Neoliberalismus” geschwat. Hien huet och ënnerstrach, datt de Comité de Suivi vun der Regierung weder Kontakt mam Bistum gehat hätt, nach mat de Banke wou de Staat Aktionär ass.