En Dënschdeg de Moie war den Handyverbuet an der Grondschoul Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Zanter dësem Dënschdeg si Smartphone a Co. an de Grondschoulen an an de Maison-relaise verbueden. Et wier e wichtege Schratt fir ze verhënneren, datt d’Kanner sech ze vill oflenke loossen, sot en Dënschdeg de Moien den Educatiounsminister Claude Meisch als eisen Invité vun der Redaktioun. D’Zäit um Handy wär dacks eng verlueren Zäit, déi een erof zitt, amplaz datt ee gestäerkt gëtt.

Vertrauen an d’Léierpersonal fir d’Reegelen ëmzesetzen

Wann de Schüler oder d’Schülerin sech net un den Handyverbuet hält, kann den Enseignant den Handy ofhuelen an eréischt nom Cours zréck ginn. D’Enseignantsgewerkschaften hate kritiséiert, datt d’Uweisunge vum Ministère ze vag wären. Hien hätt Vertrauen an d’Léierpersonal, datt se richteg domadder ëmginn a jugéieren, wéini se wéi handele mussen. E Stufeplang géif et zum Beispill och bei ganz villen anere Reegelen an der Schoul net ginn.

Méi streng Reegelen am Lycée no der Päischtvakanz

An de Lycéeë gëlle méi streng Handyreegelen eréischt no der Päischtvakanz. D’Schoule sinn am gaange sech ze preparéieren. Am Cours muss et eng “physesch Distanz” zum Handy ginn. D’Annonce, datt méi strikt Reegele kommen, hätt an de Gebaier schonn derfir gesuergt, datt d’Handye manner visibel sinn, huet de Claude Meisch erkläert. Dat Soziaalt an der Schoul, zum Beispill matenee schwätzen, soll ouni Handy nees méi gefërdert ginn. De pedagogesche Gebrauch vum iPad dee bleift awer, betount de Minister. Et kommen awer méi streng Reegelen, wat iwwer de Wifi vun der Schoul accessibel ass.

Eltere si gefuerdert, mä och dacks iwwerfuerdert

Manner Handy an de Schoule géif natierlech eleng net duergoen. D’Eltere si gefuerdert, och fir als gutt Beispill virzegoen. Medienerzéiung wär ganz wichteg, fir e sënnvollen Ëmgang mat den neie Medien. De Claude Meisch weess awer och, datt een als Elteren dacks iwwerfuerdert ass, well een net wéisst, wat “eis Kanner online maachen”. Den digitalen Dschungel wier dacks méi geféierlech, wéi dat reellt Liewen.

“Nees eng normal stëbsen”

Stonnelaang um Smartphone ze sinn als Kand, als Jonken, dat kéint net méi gutt sinn. “Do feelt eppes”, sot de Claude Meisch. Heiansdo mol “eng normal ze stëbsen”, géif och de Kanner a Jonken nees gutt doen. Den Ëmgang mam Smartphone wär eng grouss gesellschaftlech Fro, déi wäit iwwer d’Kompetenze vun engem Bildungsminister eraus geet.

Invité vun der Redaktioun: Claude Meisch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.