Neit Wäinhaus soll am August 2026 seng Dieren opmaachen
E Méindeg de Moie war d'Schëff "Princesse Marie-Astrid" Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Mir si vum Terrain, kenne Géigend an Acteuren am beschten." Dat sot den neie President vun der Entente touristique de la Moselle luxembourgeoise, de Steve Reckel e Méindeg de Moien am RTL-Interview.
Eenzegaartegt Konzept fir d'Wäinhaus zu Éinen
D’Entente geréiert zwou Haaptaktivitéiten: de Wäimusée (Centre Mosellan) zu Éinen an d'Schëff Princesse Marie Astrid. De Wäimusée ass zanter 7 Joer an Ëmbau- a Moderniséierungsaarbechten a gëtt an Zukunft Wäinhaus genannt. Bis ewell hätt do einfach verschiddent "aalt Material" gestanen, wat an de Wéngerte benotzt gouf. An Zukunft wäert een awer vun engem richtege Wäimusée kënne schwätzen, wou een alles iwwer Lëtzebuerger Wäin a Wäibau ka gewuer ginn: d’Geschicht vum Wäin zu Lëtzebuerg mat deene verschiddenen Territoiren a verschiddene Wäinzorten. Mat engem spezielle Konzept, notamment engem digitale pedagogesche Musée, wëll een d'Leit unzéien. Inspiréiert dofir gouf sech a Frankräich op de groussen Domainer. De ganze Komplex huet duerno 3.500 Metercarré, dovunner eleng 1.300 fir de Musée an d'Vinothéik, a soll am August 2026 opgoen.
Princesse Marie-Astrid kënnt an den Alter
Déi mëttlerweil drëtt Marie-Astrid huet 15 Joer. Op der zweeter Marie-Astrid goufen d'Schengener Accorden ënnerschriwwen an dat Schëff kënnt geschwënn zeréck op d’Musel, mee dat géing net ënnert der Entente lafen an hinnen och keng Konkurrenz maachen, erkläert den Invité. Déi aktuell, drëtt Versioun vun der Marie-Astrid huet also mëttlerweil 15 Joer an hie wier zwar elo keen Expert, sou de Steve Reckel, mee anscheinend misst e Schëff all 10 Joer geännert ginn. D'lescht Joer hätt ee Reparatioune vu ronn 80.000 Euro gemaach an et wier nach tipptopp an der Rei.
Zanter 3 Joer réischt dréit sech d'Schëff sech finanziell. Zejoert gouf et e Benefice vu 400.000 Euro. Dat well verstäerkt op Marketing a grouss Privat-Evenementer um Schëff gesat gëtt an net just op "Touristen d’Musel erop- an erofféieren". Dofir wier d'Planungssécherheet an domat och d'Akommes méi grouss.
Aktuell schaffen 19 Salariéen op der Marie-Astrid an 2 an der Verwaltung hannendrun. Op der Generalversammlung vun der Entente hat den neie President wësse gedoen, dass et wichteg wier, een Deel vum Benefice an d’Salairen ze stiechen, soss géing een an Zukunft vläicht net méi déi néideg Leit fannen. D’Stonnen, déi een do géing schaffen, wieren éischter atypesch vis-à-vis vum Rescht vum Horeca-Secteur.
D'Finanze vun der Entente
Aktuell bezuelen d’Gemengen aus der Entente 2 Euro pro Awunner an d’Keesen. Dat wier net vill, mee géing awer duergoen. Wann een awer effektiv an 3-5 Joer een neit Schëff wéilt kafen, misst een da ganz kloer méi Suen op den Dësch leeën, gëtt de Steve Reckel ze bedenken. Donieft kéint et och sinn, dass de Staat een Deel iwwerhëlt, mee dat misst den Ament den Tourismusminister decidéieren. Haut wier et esou, dass sech d’Schëff eleng géing droen, mee beim Wäinhaus misst de Ministère mat subventionéieren, dat kéint d’Asbl net stemmen, sou nach de Steve Reckel vun der Musel-Entente.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.