"D'Leit sollen e Samschdeg net op d'Maniff goen"
E Mëttwoch de Moie waren ënner anerem déi grouss Protest-Maniffen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Leit sollen e Samschdeg net op d'Manifestatioun vum OGBL an dem LCGB goen. D'Gewerkschafte géifen nämlech Hallef-Wourechte verbreeden a wéilten domat een Alarmismus kreéieren an d'Populatioun géint dës Regierung opbréngen. Dat sot de Michel Reckinger e Mëttwoch de Moien. De President vun der UEL, der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen, war eisen Invité vun der Redaktioun. Et wier zum Beispill falsch, ze behaapten, d'Paien an d'Kafkraaft géifen ugegraff ginn. Am Géigendeel. Hie wier zwar net do, fir d'Regierung ze verdeedegen, mee si hätten elo annerhalleft Joer just d'Kafkraaft gestäerkt. An jo d'Pensioune wieren a Gefor, mee dat wat d'Gewerkschafte géinge fuerderen, wier e Status Quo. Si wéilten näischt änneren.
Si wëllen d'Regierung zum Fale bréngen
D'Haaptursaach vun dëser Protest-Aktioun wier, dass d'Gewerkschaften dës Regierung wéilt zum Fale bréngen. Si wéilten dëser Regierung keng Chance ginn an hätten den Dësch verlooss, ier d'Negociatiounen iwwerhaapt ugaange sinn. Si géingen de Sozialdialog refuséieren, vun deem si behaapten, dass en an enger Kris wier, erkläert de Michel Reckinger.
D'Gewerkschafte wieren einfach gewinnt gewiescht, dass hir Stëmm d'Musek gemaach huet. Fréier hätte si mat um Rudder gesiess. 30 Joer laang wier den OGBL mat Ministere wéi Kersch, Engel, Schmit, Bofferding an Haagen gutt vertruede gewiescht, well si virun hirer Karriär als Politiker all Salariéeë vum OGBL waren. "Dat heescht, si souzen am Zentrum vun der Muecht. An haut si se net méi do. An dat fanne si net gutt. An dorëm geet et hei."
Si wéilten net iwwer Reforme schwätzen, well fir si wier all Reform eng rout Linn a si wéilten, dass alles sou bleift, wéi et ass, kritiséiert den Invité. D'Gewerkschafte géingen an dësem Fall net fir d'Salariéeë schwätzen, mee et géing hinnen ëm d'Muechterhalung goen. Dobäi misst ee wëssen, dass den OGBL lénkspopulistesch wier, ganz no un enger franséischer CGT (Confédération Générale du Travail) an un enger France insoumise. Déi hätten een anere Sozialmodell an een anere Wirtschaftsmodell, dee si hei am Land wéilten erabréngen.
"An dat wëll ech net. An dat wëllen d'Leit dobaussen och net. An dofir mäin Opruff, gitt net e Samschdeg op déi Manifestatioun. Gitt mam Här Frieden an de Bësch spadséieren."
Staatsrot: Een Avis wéi een aneren
De Staatsrot stäipt de Gewerkschaften an zwee Avisen iwwer d'Sonndesaarbecht an iwwer d'Flexibiliséierung vun der Aarbechtzäit de Réck. Hien dierft dat maachen, mee wier do awer net a sengem Rôle. De Rôle vun der Héijer Kierperschaft wier, fir ze kucken, ob d'Gesetzestexter konform sinn zu de Gesetzer vun haut an zu der Verfassung. An dann ass dat wat de Staatsrot geschriwwen huet, een Avis wéi een aneren och, fënnt de President vun der UEL. D'Regierung wier awer ugetrueden, fir hir Reformen ze maachen an dat soll se och duerchzéien.
9 Juli: "Ech appelléieren un d'Responsabilitéit vun de Gewerkschaften"
De Luc Frieden huet fir den 9. Juli e Rendez-vous op den Agenda gesat tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschaften, deen de Premier awer net wëll als Tripartite verstane gesinn. D’UEL wier do derbäi, well si d'Land wéilte virubréngen. Do géing et ëm d'Reform vun de Pensioune goen. De Michel Reckinger hofft, dass d'Gewerkschaften och wäerten dohikommen. "Ech appelléieren un d'Responsabilitéit vun de Gewerkschaften." Et wier wichteg, well déi aktuell Pensiounsreform, déi um Dësch läit, net géing duergoen. Dat wat d'Regierung bis ewell virgestallt huet, wier just e klengen Deel vun dem wat misst gemaach ginn, fir d'Pensiounskeess ze retten an "eise Kanner keng Katastroph ze hannerloossen", sou de Michel Reckinger.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.