"Jidderee muss probéieren, op deen aneren duerzegoen"
E Mëttwoch de Moie war de Sozialdialog Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Ech erwaarde mer an hoffen, datt Gewerkschaften, Regierung a Patronat, also déi dräi Partner, déi et jo eigentlech sollte sinn, e Mëttwoch bei der Reunioun nees beienee fannen. An dat geet just, wann ee respektvoll lauschtert an openeen duergeet", sot d'Sam Tanson e Mëttwoch de Moien. D'Deputéiert a Spriecherin vun déi Gréng an der Chamber war eis Invitée vun der Redaktioun.
E formellen, schrëftlechen Accord misst et ginn
Déi gréng Deputéiert hofft, datt jidderee probéiert, op deen aneren duerzegoen, an datt um Enn e formellen, schrëftlechen Accord erauskënnt. An de leschte Méint wier ganz vill eesäiteg Politik gemaach ginn an doraus wier eng opgehëtzte Stëmmung entstanen, déi dann zu enger Gewerkschaftsmanifestatioun gefouert huet, wéi Lëtzebuerg se scho laang net méi gesinn huet. Dobäi koum, datt zwee Gesetzprojeten op den Instanzewee bruecht goufen, déi just nach Ueleg op d’Feier geschott hunn.
Pensiounsreform, jo, mä net eesäiteg
Wat d’Pensiounen ugeet, ass d’Sam Tanson kloer: Jo, mir brauchen eng Reform. D’Fro wier just, wéi ee géing dohi kommen, fir d’Pensioune laangfristeg ofzesécheren. An och do wier et evident, datt dat net eesäiteg dierft passéieren.
Datt et fir e groussen Onmutt suergt, wann d’Leit méi laang solle schaffe goen, wier verständlech. Do wär eppes erausgepickt ginn, wat kee gefuerdert hätt. Och net d’Patronat, well et dierft een och net vergiessen, datt et fir Leit, déi no bei der Pensioun sinn, net ëmmer einfach wär, am Job ze bleiwen. E Pak u Mesurë fir d’Pensioune, wou jiddereen eppes derzou bäidréit, wär wichteg. Notamment kéint een d’Cotisatiounen an d’Luucht setzen an et misst ee sech Gedanke maachen iwwer nei Finanzéierungsquellen.
Kollektivverträg: Gewerkschafte brauchen eng Zousécherung
Mam Sträit iwwer d’Kollektivverträg huet de ganze Kaméidi ugefaangen. Dat wär de "Core Business" vun de Gewerkschaften, huet déi gréng Deputéiert ënnerstrach. Zanter Joerzéngte wär ee sech eens gewiescht, datt d’Gewerkschafte sollen d’Kollektivverträg verhandelen. Si wäre méi onofhängeg vis-à-vis vum Patron wéi eng Personaldelegatioun. Eppes, wat virun 20 Joer ënnert engem CSV-Aarbechtsminister François Biltgen wouer gewiescht wär, wär och nach haut wouer. D’Sam Tanson hofft, datt d’Gewerkschafte verséchert kréien, datt sech näischt bei de Kollektivverträg ännert.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.