E Mëttwoch de Moie war d'Solidarwirtschaft Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Veräiner, ONGen, Genossenschaften oder Beschäftegungsinitiativen... dat alles gehéiert ënnert anerem zur Economie Solidaire. Et geet ëm eng Wirtschaft, wou net de Benefice am Vierdergrond steet, mä d’Solidaritéit an d’Wuel vun der Allgemengheet, sot e Mëttwoch de Moien de Romain Biever als eisen Invité vun der Redaktioun. Hien ass de President vum ILES, dem Lëtzebuerger Institut fir d’Economie Solidaire. Eng ASBL, déi d’Solidarwirtschaft hei am Land kritesch begleet.
 
Solidarwirtschaft ze vill op der kommerzieller Schinn
 
De politeschen Discours iwwer d’Solidarwirtschaft baséiert ze vill op enger kommerzieller Schinn, bedauert de Romain Biever. Et géif alles iwwer d’Handelsrecht gereegelt ginn. Sou géif dacks verluer goen, datt d’Iddi vun der Economie Solidaire aus der Zivilgesellschaft kënnt, déi sech dacks och wéilt benevole engagéieren, sief et an der Kultur, am Sport oder am Sozialen. 
 
"Plaz ass fir jiddereen"
 
Sinn d’Solidarwirtschaft oder Beschäftegungsmesuren zum Beispill net awer eng deloyal Konkurrenz? Nee, mengt den ILES-President. Et wär eng aner Form vu wirtschaften. De Benefice géif ëmmer zréck an de Projet fléissen. A Plaz wär fir jiddereen, sou de Romain Biever. 
 
Mat Bléck op de Caritas-Skandal an d’Reorganisatioun an der neier Struktur HUT weist eisen Invité sech kritesch: Elo géif net méi gekuckt ginn, wat am System falsch leeft, mä Technokrate géifen administréieren, wat de System produzéiert. 
 
Datt d’Gesellschaft méi egoistesch géif ginn, dat géing scho stëmmen, op der anerer Säit géife sech awer iwwer 200.000 Leit zu Lëtzebuerg am Benevolat engagéieren - dat wier e Liichtbléck.

Invité vun der Redaktioun: Romain Biever

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.