Zejoert si 4.600 Aarbechtsplazen am Bau verschwonnen
E Méindeg de Moie war de Bausecteur Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Situatioun bleift extrem ugespaant. D'Stagnatioun vun der Croissance, also den niddrege Wirtschaftswuesstem, géing een och däitlech am Bausecteur spieren. Eleng d'lescht Joer gouf et 4 Prozent Reduktioun bei de Bauentreprisen duerch Faillitten. An donieft e Réckgang vun 9 Prozent bei de Salariéen, wou quasi 4.600 Aarbechtsplazen am Bau verschwonne sinn. Dat sot de Paul Nathan e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De Gerant vun enger Bauentreprise a Vizepresident vun der Chambre des Métiers sot, dass den internationale Kontext, vun der Pandemie bis bei den Ukrainkrich, un der aktueller Situatioun mat Schold ass.
D'Baukäschte wieren duerch Präishaussë bei der Energie a beim Material an d'Luucht gaangen. Mee och d'Finanzéierungskäschte sinn duerch méi héich Baukäschten, d'Inflatioun an d'Hausse vun den Zënse bei de Banken zustane komm. An dat hätt zu engem Abroch am Immobiliëberäich gefouert. Doropshin hätten d'Bauentreprisen op eemol Aarbecht gesicht, fir hir Leit ze beschäftegen. Jorelaang hätt een eng Croissance vun 3 bis 4 Prozent gehat, an deemno kee Problem fir d'Salariéen ze beschäftegen.
Am Bau wier ee jo och komplett ofhängeg vun enger auslännescher Main d'oeuvre. A fir dass déi auslännesch Fachkräften op Lëtzebuerg kommen, misst een och Logement kënnen ubidden. Déi aktuell héich Liewenskäschte wieren nämlech een Nodeel fir op Lëtzebuerg ze kommen. De Logementsministère hätt dofir e Modell entwéckelt, de "Logement dédié aux salariés". Domadder kéint eng Entreprise abordabele Wunnraum fir hir Mataarbechter schafen an d'Entreprisë generéieren do iwwer de Capital investi, eng Aide à la pierre. Dat wier eng Win-win-Situatioun fir all Säit, erkläert de Gerant vun enger Bauentreprise.
Schwiereg Zäit fir de Bau: gutt Opportunitéit fir z'investéieren
Déi aktuell Situatioun wier awer och eng gutt Opportunitéit fir Privatleit fir z'investéieren oder ze renovéieren. Esou bëlleg wéi elo kéint ee kee Projet a keng Renovatioun méi ëmsetzen. Wier et net elo un de Promoteure fir d'Präisser nach méi erofzesetze fir de Marché nees ze relancéieren? "Nee, wann et elo nach eng Kéier reduzéiert gëtt, dann ass et net méi rentabel e Projet iwwerhaapt ëmzesetzen," sou de Paul Nathan.
Bei ëffentlechen Ausschreiwunge geséich et allerdéngs e bësse besser aus. 2024 wier et méi lues gaangen. Dat wier awer no engem Superwaljoer absolutt z'erwaarden. Mee 2025 hätte Staat, Gemengen a Para-Staat nees méi Soumissiounen ausgeschriwwen, an dat misst och esou bleiwen, esou d'Fuerderung aus dem Secteur.
Fuerderungen aus dem Secteur
Et bräicht ee modern Infrastrukturen hei am Land, fir nei Entreprisen unzezéien, nei Aarbechtsplazen ze generéieren an doduerch nees eng Croissance ze kréien. Donieft misst ee punkto Logement onbedéngt Investisseuren net decouragéieren hei am Land z'investéieren. Well all Wunnengen, déi een net baut, géing duerno fir déi wirtschaftlech Entwécklung feelen. Generell misst een den Investissement an de Steen encouragéieren, zum Beispill iwwert eng reduzéiert TVA vun 8 Prozent beim Bau vu Locatiounswunnengen.
Wichteg wier och déi vun der Regierung versprache Simplification administrative. Et wier ee frou, dass d'Regierung sech dat op de Fändel geschriwwen hätt. Dat wier e grousse Schrëtt. Iwwert déi lescht Joerzéngte sinn ëmmer méi Prozedure geschaaft ginn, déi och am Eenzelen ëmmer sënnvoll wieren, mee déi zu enger extreemer Komplexitéit am Bau gefouert hunn. Doduerch wier de Bau deelweis onnéideg verdeiert, an och méi lues ginn, kritiséiert de Paul Nathan. An Aarbechtsgruppen, wou och de Bausecteur vertrueden ass, wier een amgaangen en nationaalt Bautereglement fir d'Politik auszeschaffen, wat deemnächst soll presentéiert ginn. Natierlech géing et engem ni séier genuch goen, mee dat wier duerch d'Komplexitéit vum Sujet an duerch déi vill verschidde Partie prenantes, sou de Paul Nathan.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.