Picasso an de soziale Medien zitt Jonker an de Musée
En Dënschdeg de Moie war den zukünftege Plang vum nationale Musée fir Archeologie, Geschicht a Konscht Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Budget fir Kultur gëtt et eigentlech ni genuch." Dat sot eis Invitée vun der Redaktioun um Dënschdeg de Moien. D'Tania Brugnoni ass zanter dem 1. Januar déi nei Directrice vum Musée fir Archeologie, Geschicht a Konscht an huet vill Wëlles. Iwwer déi nächst Jore sollen eng ganz Rei Infrastruktur-Aarbechten an de verschiddene Gebailechkeete gemaach ginn.
Punkto Programmatioun steet och vill um Programm. Vu Mëtt 2026 u kënnt eng nei Expo iwwer d'Zäit vum Art Nouveau zu Lëtzebuerg. An dann och eng Ausstellung iwwer eng weiblech Kënschtlerin ugangs vum 20. Joerhonnert, d'Berthe Brincourt, déi schonn 1946 am Musée d'État gewise gi wier. Dat wier ganz exzeptionell. "Als Fra freet mech dat natierlech ganz vill", sou déi nei Directrice vum MNAHA.
Zum MNAHA gehéieren nieft dem Nationalmusée um Fëschmaart, de Musée Dräi Eechelen, d'Réimervilla zu Iechternach an zwee Centres de recherche; de Centre de documentation sur la forteresse de Luxembourg an d'Lëtzebuerger Konschtarchiv.
Grouss Renovatiounsaarbechten
Den Nationalmusée ass schonn e bëssen an d'Jore komm, do mussen Entretiensaarbechte gemaach ginn. Notamment an der Sektioun Archeologie, déi iwwer 5 Stäck an de Fiels gebaut ass. De Musée wäert ni ganz mussen zougemaach ginn, hofft d'Tania Brugnoni. Mee de Musée wier mat senge 7.000 Metercarré immens grouss. Wann 2.000 Metercarré géingen zougemaach ginn, hätt een ëmmer nach 5.000 Metercarré iwwreg.
Wat déi grouss Plaz direkt virum Musée, also um Fëschmaart ugeet, do ka sech d'Direktesch, grad an den aktuellen Temperaturen, e bëssi méi Begréngung virstellen. Anerersäits wier d'Plaz ganz markant, do kéint ee vill Manifestatioune maachen. Fir d'Luxembourg Art Week wäert een eng Skulptur dropsetzen. Mee et misst een oppassen, well ënnert där Plaz Expositiounsraim sinn. Do kéint een net einfach alles drop maachen.
Sozial Medien a Picasso
Kultur méi accessibel fir de Grand Public maachen, dat wier eng vun hire Prioritéiten, erkläert déi nei Direktesch. Dat wier och an der nationaler Kulturpolitik e grousse Sujet. Duerch eng gewëss Vulgarisatioun, mee virop duerch eng aner Mediatiséierung vun der Kultur, kéint ee ganz einfach Geschichten erzielen. An esou wéi ee se erzielt, touchéiert een och de Public. "Et muss een d'Leit, am Fong geholl, do ofhuelen, wou se sinn. Dat heescht, doheem. Oder do wou se och Medie consomméieren, um Handy an esou weider."
Sozial Medie géingen eng ëmmer méi grouss Roll spillen. Dat hätt ee gemierkt, wéi een e "Reel" [e kuerze Video, vun maximal 90 Sekonnen op Instagram/Facebook, ndlr.] iwwer de Picasso, deen hei zu Lëtzebuerg hänkt, gemaach hätt. An dem Video huet eng jonk Konscht-Historikerin d'Geschicht dovun erkläert. Ob eemol wiere ganz vill Jonker an de Musée kucke komm. Dat wéilt een an den nächste Jore ganz aktiv maachen, "well mir sinn déi Plaz, wou een d'Originaler ka gesinn", sou d'Tania Brugnoni. Dofir misst een déi eegen Ausstellung och nach een Tick méi attraktiv an zäitgeméiss maachen.
Budget & Crowdfunding
Budget fir Kultur gëtt et eigentlech ni genuch, sou d'Directrice vum MNAHA. Mee hei am Land wier een an enger ganz privilegéierter Situatioun, virun allem am Verglach mam Ausland, wou d'Kulturbudgeten erofginn (an der Belsch ëm 10 Prozent). Zu Lëtzebuerg hätt een ugefrot, fir de Budget nach e bëssen an d'Luucht ze setzen. D'Potential wier do. Mat dem Budget géing ee versichen, d'Nationalkollektioun, also de Lëtzebuerger Patrimoine ze vergréisseren. Am Kader vum Kulturentwécklungsplang wier och ugeduecht, fir een nationalen Depot ze schafen, fir d'Conservatioun vun den nationale Kollektiounen. Do wier de Ministère domat beschäftegt eng adequat Plaz ze fannen.
Stéchwuert Participatioun: Virun e puer Joer hat den MNAHA e Crowdfunding gemaach fir d'Bild "Champion" vum Joseph Kutter kënnen ze kafen. Deemools hat e private Proprietär decidéiert, fir d'Bild ze verkafen. De Musée hat de Budget net an huet dofir un d'Leit appelléiert, fir Donen ze maachen. Dat huet gutt fonctionéiert an dofir géing een dat och fir d'Zukunft envisagéieren, wann et dann néideg ass, esou d'Directrice vum MNAHA.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.