Schueberfouer 2025: "Et ass alles prett!"
Um Freideg de Moie war déi 685. Editioun vun der Schueberfouer Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Um Freideg de Mëtteg um 17 Auer gëtt se offiziell opgemaach: déi 685. Editioun vun der Schueberfouer. 213 Forainen sinn dëst Joer um Glacis fir déi gréisst Kiermes an der Groussregioun. Se dauert bis den 10. September, an ass all Dag op vun 12 mëttes bis nuets um eng, an dierft och dëst Joer nees eng zwou Millioune Visiteuren déi nächst zwanzeg Deeg unzéien.
Et gëtt 6 nei Spiller a 5 nei Iessbuden, an et wier och alles prett an de Montage dëst Joer ganz gutt gelaf, sot de sougenannte Fouermeeschter Laurent Schwaller um Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.
All Stand, Bud oder Spill kéint vun Ufank un opmaachen.
"Sécherheet als Basis vun allen eisen Evenementer"
D’Sécherheet géif natierlech grouss geschriwwen, sou de Responsabele vun der Stad Lëtzebuerg. Nieft der Police an dem CGDIS huet de Service Évènements, fêtes et marchés vun der Stater Gemeng eng privat Sécherheetsfirma fir d'Fouer engagéiert, déi um Site virun allem d'Spiller, d'Buden a soss Material iwwerwaacht, an och d'Accèse kontrolléiert. Mat där Firma schafft de Service fir hir Evenementer dat ganzt Joer iwwer. Am Virfeld vun der Schueberfouer gouf et Sécherheetsbriefingen mat den zoustännegen Acteuren, fir all méiglech Zenarien duerchzespillen. Vu Wiederwarnungen bis Terrormenacen.
Och dat rezent Phänomen wou Leit vun Onbekannten op grousse Manifestatiounen mat Sprëtze gepickt gi sinn, wier am Kader vun der Risikoanalyse fir d'Schueberfouer thematiséiert ginn, sou de Laurent Schwaller op Nofro hin. Duerch d'Presenz vun der Police um Terrain géif ee kucken de Risiko sou kleng wéi méiglech ze halen. Systematesch Kontrolle vun de Visiteuren op den Entréespunkte vum Glacis wieren zu dësem Ament vun den Autoritéiten net zréckbehale ginn.
"D'Präisdiskussioun ass net e spezifesche Fouer-Problem"
Wat d’Präisser op der Fouer ugeet - do gouf am Virfeld notamment de Präis vu 7 Euro fir 3 Gromperekichelcher genannt ( 7,50 bis 8 Euro fir Gromperekichelcher mat Kompott) - déi misst all Forain am Virfeld bei senger Ufro erareechen. D’Gemeng géif keng Präisser virschreiwen, mä awer kontrolléieren, ob d'Foraine sech un dat halen, wat se am Kontrakt uginn hunn. D'Liewensmëttel wieren allgemeng méi deier ginn, an d'Präisdiskussioun wier och net "e spezifesche Fouerproblem", relativéiert de Plazmeeschter. Et wier jidderengem fräi iwwerlooss, wéi vill a wéi deier ee géif consomméiere wéilt op der Fouer. An am internationale Verglach wieren d’Präisser op der Fouer och an der Norm. D'Foraine kéinten och net einfach hir Präisser just fir d'Fouer héije fir ze profitéieren. D'Stater Gemeng hätt schonn en An drop, datt d'Wueren op de verschiddene Kiermessen am Land d'selwecht kaschten.
D'Leit sinn nach ëmmer do, mä ginn hir Suen deels anescht aus
D'Leit géifen op alle Fall weider zu hirer vill op de Glacis komme wa Schueberfouer ass. Bedéngt warscheinlech och duerch déi méi héich Kafkraaft am Grand-Duché. Zanter der Pandemie géifen d'Leit hir Suen zum Deel awer anescht ausginn. An engems géife se d'Zesummesinn op sou engem groussen Event awer vläicht souguer nach méi genéissen.
Nei ass dëst Joer iwwregens, dass de Familljendag op zwee Deeg opgedeelt ass: een Dag fir d'Manègen, an een op deem een d'Iesse méi bëlleg kritt.
D'Fouer gehéiert op de Glacis
An de leschte Jore gouf och mol d'Fro opgeworf, ob et net besser wier d'Fouer ze deplacéieren an de Glacis fir Wunnzwecker ze benotzen. Notamment d'Partei Fokus hat dat proposéiert. Fir de Laurent Schwaller misst d'Fouer awer och an Zukunft um Glacis bleiwen. Eng Stad déi lieft, bräicht eng zentral Plaz fir sou grouss Manifestatiounen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.